Infoen & Tools / Eis Gesellschaft / Kontakt / Suggestiounen a Reklamatiounen / Politik fir d'Gestioun vu Reklamatiounen

Politik fir d'Gestioun vu Reklamatiounen

Aleedung an Ziler

Dës Politik beschreift a formaliséiert d'Ofwécklung vu Reklamatiounen, déi bei LALUX (Liewens- an Net-Liewensversécherung) agereecht ginn. All Reklamatioun, déi bei eis ageet, gëtt vun engem vun eise Mataarbechter, déi fir Reklamatiounen zoustänneg sinn (jee no Departement), ënnersicht, fir datt mir séier eng passend an zefriddestellend Léisung ubidde kënnen. An dësem Zesummenhang gëtt all Reklamatioun an engem System enregistréiert, dee speziell dofir ageriicht gouf.

Éier Dir eng Reklamatioun areecht, rode mir Iech, souwäit dat méiglech ass, Äre LALUX-Versécherungsagent ze kontaktéieren. Wann Äre Problem net konnt geléist ginn, an Dir eng offiziell Reklamatioun areeche wëllt, da biede mir Iech, dat iwwer ee vun de Weeër, déi am Abschnitt „Eng Reklamatioun areechen” beschriwwe ginn, ze maachen.

Definitiounen

Eng Reklamatioun ass grondsätzlech all Ausdrock vun Onzefriddenheet, déi eng Persoun LALUX matdeelt, an déi sech op en Assurancekontrakt oder eng Déngschtleeschtung fir dës Persoun bezitt.

Eng Persoun, déi reklaméiert, ass jiddwereen, deen e Recht drop huet, datt seng Reklamatioun vu LALUX ënnersicht gëtt: Preneur-d’assurancen, Assuréen, Beneficiairen …

Wa Reklamatioune vun autoriséierte Vertrieder, Familljememberen oder juristesche Beroder vun engem Assuré agereecht ginn, decidéiert eng Persoun, déi bei LALUX fir d'Reklamatioune verantwortlech ass, vu Fall zu Fall, ob d'Reklamatioun berechtegt ass oder net an ob se traitéiert ka ginn, ouni géint d'Beruffsgeheimnis ze verstoussen. 

Är Reklamatioun areechen

Dir hutt verschidde Méiglechkeeten, fir LALUX am Zesummenhang mat enger Reklamatioun ze kontaktéieren:

 

Mir bieden Iech, op d'mannst déi obligatoresch Felder auszefëllen (Datum vum Virfall, deen zu Ärer Reklamatioun gefouert huet, Destinataire (LALUX Vie oder Non-Vie), de betraffene Beräich vun Ärer Reklamatioun) an Är Reklamatioun am Feld „Äre Commentaire” esou genee ewéi méiglech ze beschreiwen, fir datt mir Är Demande sou gutt ewéi méiglech traitéiere kënnen.

Wann Dir am Zesummenhang mat Ärer Reklamatioun wëllt kontaktéiert ginn, ass et wichteg, eis eng Adress, E-Mail-Adress oder gülteg Handysnummer unzeginn. All Är Kontaktdaten a perséinlech Informatioune gi streng vertraulech behandelt.
 

  • Aner Méiglechkeeten, fir eng Reklamatioun anzereechen:

Per Post un de Siège vu LALUX:
LA LUXEMBOURGEOISE Société Anonyme d’Assurances
9, rue Jean Fischbach
L-3372 LEUDELANGE

Per E-Mail un d'Adress reclamations@lalux.lu oder per Fax (+352 4761-300).

Fir mëndlech Reklamatioune kënnt Dir Iech un Äre LALUX-Versécherungsagent wenden, ee vun eise Clientskontakter op der Nummer (+352) 4761-1 uruffen oder Är Reklamatioun direkt un ee vun de Guichetsmataarbechter um Siège riichten  – Är Reklamatioun gëtt dann un eng Persoun weidergeleet, déi fir Reklamatiounen zoustänneg ass.

Matdeele vun der Léisung

Wann Är Reklamatioun direkt traitéiert ka ginn, kritt Dir bannent 8 Deeg nom Agang vun der Reklamatioun eng Léisung matgedeelt (an dësem Kontext ass et wichteg, datt Dir eis entweeder eng gülteg Telefonsnummer oder eng gülteg Adress oder E-Mail-Adress ugitt).

Wann d'Reklamatioun méi eng detailléiert Analys erfuerdert, fir Iech eng zefriddestellend Léisung ubidden ze kënnen, gitt Dir mat engem Accusé de réception oder iwwer en anere gëeegente Wee bannent 8 Deeg nom Agang vun Ärer Reklamatioun heiriwwer informéiert. Dir kritt bannent 30 Deeg nom Verschécke vum Accusé de réception oder no der Matdeelung e Léisungsvirschlag ënnerbreet.

Contestatiounen

Wann Dir net domadder zefridde sidd, wéi LALUX Är Reklamatioun traitéiert huet, biede mir Iech, eis nach eng Kéier ze kontaktéieren, fir eng alternativ Léisung ze fannen. Wann Äre Problem duerch dës Demarche net geléist gëtt, kënnt Dir Iech och un eent vun de follgenden Organer wenden, ouni datt dat en Afloss op Är Méiglechkeet huet, viru Geriicht ze kloen:
 

  • Association des Compagnies d’Assurances et de Réassurances (ACA):

12, rue Erasme
L-1468 Luxembourg
B.P. 448
L-2014 Luxembourg

 

  • Commissariat aux Assurances (CAA):

7, boulevard Joseph II
L - 1840 Luxembourg

 

  • Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC):

55, rue des Bruyères
L-1274 Howald