Neie Markenuniversum Don't worry, be happy !
Méi dozou

Neie Markenuniversum

Fir hiren honnertste (+1 !) Gebuertsdag huet LALUX eng nei Markestrategie entwéckelt.

Nodeem scho beim Ofschloss vun anere Kommunikatiounsprojete verschidden Elementer mat agefloss waren, lancéiert LALUX an engem Joer, dat staark vun der Covid-Kris gepräägt ass, déi ganz nei Notorietéitscampagne.

Déi éischt Elementer vun dësem neien Universum goufen am Hierscht 2020 mat der neier Versioun vum Internetsite lalux.lu, deen an Zesummenaarbecht mat Apart entwéckelt gouf, virgestallt. Si goufen ergänzt duerch eng Autoscampagne um Ufank vum Joer, an duerno duerch eng weider Campagne am Kader vum Lancement vun der Applikatioun easyAPP vum Grupp, Mëtt Mee d'lescht Joer.

D'Entwécklung vun engem neien Universum

Iwwer d'Kreatioun vun engem neien Notorietéitsspot eraus wollt LALUX virun allem eng nei Markestrategie entwéckelen an eng zolidd Basis schafen, fir engersäits d'Kohärenz vun all hire Kommunikatiounscampagnen an -aktiounen ze verstäerken an anerersäits méi eng breet Zilgrupp unzespriechen.

Fir sech bei dëse grondleeënde Reflexioune begleeden ze loossen, huet LALUX mat der Agence BetoCee zesummegeschafft. Si huet iwwerzeegt mat hirem strukturéierten Usaz, bei deem et dorëms goung, am Virfeld d'DNA vun der Mark ze bestëmmen, an esou en zolidd Fundament fir all zukünfteg Aktiounen ze schafen.

Vun Enn 2018 u goufe vill Workshoppen, Interviewen a Gespréicher gefouert, un deenen intern Mataarbechter, Employéen an Agenten, awer och Marketingspezialisten aus der Ekipp vu BetoCee an aus anere Secteure bedeelegt waren.

Aus dëse Reflexiounen am Virfeld konnt d'Essenz vun der Mark erausdistilléiert ginn. Duerno goung et drëm, dës Identitéit mat verschiddene konkreeten Elementer ëmzesetzen an dobäi d'Emotiounen an d'Wäerter, déi nach ëmmer mat der Mark verbonne waren an déi och weiderhin d'Basis vun allen zukünftege Campagnë wäerte sinn, ze vermëttelen.

D'Iddi war, en Universum ze schafen, dat wuel mat der Assurancë-Welt verbonnen ass, mee dat dës Thematik op eng originell Manéier ugeet a virun allem de positiven Aspekt ervirsträicht, dee mam Gefill verbonnen ass, gutt verséchert ze sinn. Déi gewinnte Stereotyppen, an deene Situatioune beschriwwe ginn, déi Angscht ausléisen, fir d'Wichtegkeet vun der Assurance ze ënnersträichen, sollten evitéiert ginn. Am Virdergrond stoe sollt villméi de Spaass un engem intensiven a fräie Liewen, wou ee sech keng Suergen ëm méiglech Malheure maache muss, well den zouverlässegen Assureur sech ëm déi këmmert.

Fir de richtegen Tounfall sécherzestellen, goufen déi éischt Elementer vun engem representativen Echantillon vun der aktueller Gesellschaft zu Lëtzebuerg getest. Sou gouf et e puer „Focus Groups”, fir iwwer d'Assurance am Allgemengen ze diskutéieren, d'Reaktioune vun de Leit anzefänken an déi definéiert Konzepter ze validéieren, éier se ëmgesat goufen.

D'Elementer vun dësem neien Universum

Don't worry, be happy !

En neie Slogan an Universalsprooch an eng Uspillung op den Hit vum Bobby McFerrin, deen Enn der achtzeger Joren erauskoum a generatiounsiwwergräifend zu der Hymn fir eng positiv Liewensastellung an en onbeschwéiert Liewe ginn ass … also dat, wat eng gutt Assurance méiglech mécht ;-)
 

E Laachen als Ënnerschrëft

D'Laachen, dat op alle Supporte vun der Campagne ze fannen ass, ënnersträicht mat senger „taylor made”-Grafik de mënschlechen Aspekt. Et ass awer méi ewéi just e grafescht Element, et steet och fir dat iewescht Zil vu LALUX: d'Laache vun hire Clienten ze garantéieren, egal wat geschitt, mat engem performante Versécherungsschutz, mee virun allem och mat der Qualitéit vum Service, déi de Grupp permanent verbessere wëll. 

    D'Resultater vu verschiddenen Ëmfroe bestätegen iwwregens reegelméisseg d'Zefriddenheet vun de Clienten:

    • 2020 gouf LALUX an der Etüd vu KPMG iwwer d'Clientserfarung zu der Liblingsmark zu Lëtzebuerg gewielt
    • Laut der Ilres-Ëmfro si méi ewéi 8 vun 10 Clientë bereet, LALUX ze recommandéieren
    • Internen Ëmfroen no, déi systematesch no Schied duerchgefouert ginn, erklären 98 % vun de Clienten, datt se zefridde sinn

    Zil: Assurancë vereinfachen

    Vereinfacht Inhalter, net nëmmen an der grafescher Duerstellung, mat neien, klore Piktogrammen, mee och an den Informatiounen, well sämtlech Texter an alle Supporten iwwerschafft goufen.

    Nei Radiospotten

    Eng Rei vu Radiospotten a Form vun Episoden, bei deenen all Kéier verschidde Produiten oder Tools am Fokus stinn (Autosassurance, easyApp, Familljenhaftflicht a Wunnversécherung), déi awer haaptsächlech den neien Zäitgeescht, dee mat der Mark verbonnen ass, vermëttele sollen.

    Spot radio FR : Le gâteau de maman
    00:00
    /
    00:00
    Spot radio LU : Le gâteau de maman
    00:00
    /
    00:00
    Spot Radio FR : La vitre du voisin
    00:00
    /
    00:00
    Spot radio LU : La vitre du voisin
    00:00
    /
    00:00

    Entdeckt deen neie Publicitéitsfilm

    En neie Publicitéitsfilm, deen den neie Slogan aféiert an et erlaabt, all d'Elementer vun deem neien Universum ze verbannen, an deen neie positiven, coolen a bewosst decaléierten Usaz, mat deem d'Mark sech elo presentéiere wëll, eriwwerzebréngen: Wann ee mat LALUX gutt verséchert ass, vergeet engem d'Laachen net, egal wat geschitt!

    Tester bei de Focus Groups hunn ausserdeem erginn, datt de Film subtil un déi fréier Spotte vu LA LUXEMBOURGEOISE erënnert, a sech gläichzäiteg u méi eng breet Zilgrupp adresséiert.

    Zesummefaassung: Eng Famill kënnt aus der Vakanz zeréck an entdeckt, datt e klengen Iwwerraschungsbesuch an hirem Haus stattfonnt huet … Entgéint allen Erwaardunge verdierft dëst hinnen awer net hir gutt Laun. Et kann näischt si aus der Rou bréngen, an dat aus guddem Grond … Don’t worry, be happy! Si si bei LALUX verséchert ;-)