Är Garantie fir héichwäertegt Wunnen! D'APROBAT-Assurancë fir de Bau
Assurancë fir de Bau

Assurancë fir de Bau

Bei engem Bau-, Ëmbau oder Renovatiounsprojet kann et zu villen Zorte vu Schied kommen.

Wärend dem Chantier kënnt et net seelen zu Schied, déi duerch e Stuerm oder e Brand verursaacht ginn, zu Rëss am Nopeschgebai, Déifstall vu Baumaterial oder och nach Waasserinfiltratiounen.

Wann d'Aarbechte bis ofgeschloss sinn, kënnen ëmmer nach Problemer opdauchen, wéi Fiichtegkeet an de Kellermaueren, Rëss an der Fassad oder am Buedembelag, Plättercher, déi lassginn, oder e Waasserschued a Verbindung mat enger Buedemheizung.
Dir kënnt ganz berouegt sinn, mat de Bauassurancë vun APROBAT LALUX Assurances sidd Dir gutt geschützt!

Virdeeler

Äre Chantier gëtt vu Spezialisten iwwerwaacht

Dir hutt weeder d'Zäit nach dat néidegt Wëssen, fir Äre Chantier ze kontrolléieren? Vertraut op d'Zouverlässegkeet, den Know-how an d'Erfarung vun der APROBAT-Ekipp, déi sech aus Ingenieuren an op de Bauberäich spezialiséierte Mataarbechter zesummesetzt. Si këmmere sech ëm alles!
 

Manner Kontrollkäschten

Wann de Wäert vum Bau ënner 5.000.000 € läit, braucht Dir keen externe Kontrollbüro ze beoptragen. D'Kontrolle gi prezis a professionell vun eise Spezialisten iwwerholl. Dëst zu Lëtzebuerg eenzegaartegt Konzept reduzéiert d'Käschten a vereinfacht d'Prozeduren. 

Evitéiert de Stëllstand vun den Aarbechten

D'Bauassurance erlaabt et, am Fall vun engem Schued eng séier Reegelung ze fannen, well all déi Bedeelegt als Assuréë betruecht ginn. Esou gëtt en eventuelle Stëllstand vun Ärem Chantier verhënnert an all d'Schied ginn direkt iwwerholl.

Eng Faillite vum Entrepreneur ass kee Problem

Mat der Zéngjores-Haftflichtversécherung kënnt Dir sécher sinn, am Fall vun engem Schued indemniséiert ze ginn, esouguer bei enger Faillite vum Entrepreneur.
 

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

APROBAT Assurancë fir de Bau

Informatiounsvideo

Méi dozou...

Bauleeschtungsassurance

Den onëmgängleche Versécherungsschutz wärend den Aarbechten

Mat der Bauleeschtungsassurance si Schied ofgeséchert, déi wärend de Bauaarbechten opgrond vun Noléissegkeet, Ongeschéckerlechkeet a mënschlechem Versoe vun de Fournisseuren entstinn. Och Déifstall no Abroch a Vandalismus sinn an der Assurance abegraff.
Des Weidere si wärend der ganzer Bauzäit materiell Schied oder Persouneschied, déi Drëttpersounen entstinn, verséchert.

Zéngjores-Haftflichtversécherung

Profitéiert vun Ärem Doheem, wann de Bau fäerdeg ass!

Déi meeschte Schied, déi festgestallt ginn, entstinn am Laf vun den éischte fënnef Joer nom Enn vun den Aarbechten. Mat der Zéngjores-Haftflichtversécherung ginn d'Finitiounen 2 Joer laang an de Réibau 10 Joer laang garantéiert.
 

Schützt Äert Investissement mat der Reschtscholdversécherung

Dir denkt un e Prêt, fir Äert Dramhaus ze realiséieren?
Mat der Rechtscholdversécherung vu LALUX schützt Dir Är no Famill viru finanzieller Belaaschtung, wann Iech eppes geschéie sollt.

Méi dozou