Déi komplett Assurance fir Äert Doheem easyPROTECT Haus a Wunneng
easyPROTECT Haus a Wunneng

easyPROTECT Haus a Wunneng

Appartementer oder Haiser, fir Proprietären oder Locatairen

easyPROTECT Haus a Wunneng ass eng Multirisk-Hausversécherung, déi sech un Är Besoinen an Ufuerderungen upasst an Iech d'Liewe méi einfach mécht.

Méi flexibel, gëtt easyPROTECT Haus a Wunneng den Erwaardunge vu jidderengem gerecht. Dir wëllt eng Assurance à la carte mat villen Optiounen zur Auswiel? Dir hätt léiwer eng All-inclusive-Formel? Béides ass méiglech. 

Ob Dir an Ärem eegenen oder an engem gelountenen Haus oder Appartement wunnt, easyPROTECT Haus a Wunneng bitt Iech en ëmfaassende Versécherungsschutz, dee sech perfekt un Äre Liewensstil upasst. 

Personaliséiert Äre Versécherungskontrakt a schützt Äert Doheem a seng Dependancë géint all Zorte vu Schied, ouni onerwaart Käschten.

Virdeeler

E Kontrakt op d'Mooss

Fir Iech esou vill Flexibilitéit ewéi méiglech ze bidden, proposéiert easyPROTECT Haus a Wunneng 3 verschidde Versécherungsformelen: Sécurité, Confort a Performance, genee ewéi speziell Packagen, fir Ären Erwaardunge besser gerecht ze ginn.
Personaliséiert Äre Versécherungskontrakt mat deenen Optiounen, déi fir Iech interessant sinn.

Speziell un Äre Liewensstil ugepasste Packagen

Hutt Dir eng Schwämm oder Solarpannoen? Fuert Dir E-Bike? Dir reest immens gär? Entdeckt déi verschidde Packagen, déi Ärem Liewensstil entspriechen a bei Är Assurance fir Haus a Wunneng derbäigesat kënne ginn. Fir Iech beschtméiglech versécheren ze kënnen, ass et wichteg Är Besoine gutt ze kennen. A wat Dir méi Optiounen derbäisetzt, wat Dir méi e favorabelen Tarif kritt!

E komplette Schutz géint Schied duerch schlecht Wieder

D'Garantie Stuerm, Knëppelsteng, Tornado, Äerdbiewen ass an der Formel Sécurité dran.
Mat der Zousazgarantie Klimagefore sidd Dir optimal géint Naturkatastrophe wéi Iwwerschwemmungen, Réckstau oder Iwwerlafe vun der Kanalisatioun, genee ewéi den Uewerflächenoffloss oder d'Usammele vu Reewaasser verséchert.

Multimedia- an digitaalt Material a Museksinstrumenter

Mat dësem Package kënnt Dir Äert informatescht, audiovisuellt, Haushalts-, Alarm- an Domotikmaterial géint Broch an Déifstall doheem a weltwäit am Fall vu portabele Geräter versécheren. Dank dem Wäertgéigestänn Package ginn all dëst Material bis zu 5 Joer an der Héicht vum Neiwäert entschiedegt.

Informatiounsvideoen

Informatiounsvideo

Evaluatioun vun Ärem Mobilier

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT Habitation

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT Evaluatioun vun Ärem Mobilier

Weider interessant Produiten

Méi dozou...

Familljenhaftflicht

Eng onverzichtbar Garantie

Och wann d'Garantie Familljenhaftflicht optional ass, gëtt se staark recommandéiert.
Dës Haftflicht kënnt nämlech fir Schied op, déi Dir bei Drëttpersoune verursaache kéint. Si deckt Äre ganze Stot of: Iech selwer, Äre Partner an d'Kanner, déi bei Iech liewen, genee ewéi Är Hausdéieren.

Méi dozou

Home Assistance

Séier Hëllef am Fall vun engem Schued oder enger Pann doheem

Loosst Iech am Noutfall vu Fachleit hëllefen.
Mat eisem 24/7-Pannendéngscht sidd Dir sécher, datt e spezialiséierten Handwierker séier op der Plaz ass: Schlësseldéngscht, Sanitärinstallateur, Heizungsinstallateur oder Elektriker. Home Assistance gräift esouguer och no engem versécherte Schued, wann Är Kanner musse versuergt ginn oder Äert Doheem iwwerwaacht soll ginn.

Entdeckt d'Garantie Home Assistance