Elo spueren a gläichzäiteg manner Steiere bezuelen easyLIFE Pension, fir eng angeneem Pensioun
easyLIFE Pension
Privatclienten / Assurancen / Liewen / easyLIFE Pension

easyLIFE Pension

Mat easyLIFE Pension kënnt Dir Iech en zousätzlecht Akommes fir Är Pensioun sécheren a gläichzäiteg vu steierleche Virdeeler profitéieren.
Gréisser Aarbechten an Ärer Wunneng? Eng Zweetwunneng? Eng grouss Rees? Wéi och ëmmer Äre Projet ausgesäit, mat Ärem perséinleche Pensiounsplang kënnt Dir e verwierklechen.

Virdeeler

Bezuelt manner Steieren

All Joer gëtt duerch d'Primmen Äert besteierbaart Akommes erofgesat. Pro Steierflichtege kënnen am Joer bis zu 3.200 € ofgesat ginn. Esou ass d'Preparatioun vun Ärer Pensioun mat engem direkte Virdeel fir Iech verbonnen. 
 

Flexibelt Spueren

Fir datt Dir Iech ëmmer fräi spiert, kënnt Dir Är Spuerbeträg un Äre Rhythmus an un Är finanziell Méiglechkeeten upassen:
 - Dir kënnt scho vu 25 € de Mount un e Kontrakt ofschléissen
 - Dir passt d'Héicht vun de Primmen un, wéini Dir wëllt

En Investissement, dat bei Iech passt

A Funktioun vun Ärem Investisseursprofil wielt Dir ënnert de Formele Sécurité oder Performance vun easyLIFE Pension déijéineg aus, déi Ären Ufuerderungen a puncto Sécherheet an Äre Performance-Wënsch entsprécht.

Kapital oder Rent, Dir decidéiert

Bei der Echeance bleiwen Är Erspuernesser flexibel a kënnen a Form vu Kapital oder all Mount a Form vun enger liewenslaanger Rent ausbezuelt ginn. Och eng gemëschte Form vu Kapital a Rent ass méiglech.

Schützt Är Léifst

Bei engem Stierffall virum Enn vum Kontrakt hunn Är Beneficiairen Zougrëff op de Betrag, deen Dir ugespuert hutt.

Och fir Frontalieren disponibel!

Och als Frontalier kënnt Dir eng Pensiounsversécherung ofschléissen a gläichzäiteg all Joer Är Steierlaascht reduzéieren. 

D'Investissementsformelen

D'Formel Sécurité mat engem garantéierte Spuerbetrag

Fir Iech ass d'Sécherheet am wichtegsten, an Dir wëllt, datt Äre Spuerbetrag garantéiert ass, egal wat geschitt?

Dann entscheet Iech fir d'Formel Sécurité mat engem Mindestzënssaz fir Är Erspuernesser.

Vum 3. Joer u kann all Joer en zousätzleche Gewënnbedeelegungstaux festgeluecht ginn, dee vun de Resultater vun der Gesellschaft a vun der Zënsentwécklung op de Finanzmäert ofhänkt.

D'Formel Performance mat engem potenziell méi héije Rendement

Fir Iech ass de Rendement vun Ären Erspuernesser am wichtegsten, Dir akzeptéiert awer och fir Iech selwer e gewësse Risikoniveau?

Dann  ass fir Iech d'Formel Performance am beschte gëeegent. Hei profitéiert Dir am vollen Ëmfang vun der Wäertentwécklung vun enger Selektioun vun Investmentfongen. Ofhängeg vun Ärem Investisseursprofil gitt Dir guidéiert, fir bis zu 4 Fongen auszewielen, déi am beschte bei Iech passen.

D'Stierffallkapital beleeft sech op d'Héicht vun den ugesammelten Erspuernesser. Dës Héicht entsprécht dem Wäert vun den Undeeler un den Investmentfongen, déi zum Zäitpunkt vum Doud vum Assuré mam Kontrakt verbonne sinn.

Informatiounsvideo

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyLIFE Pension

D'Zousazpensiounsversécherung, déi Iech erlaabt Steieren ze spueren (Artikel 111bis LIR) an e Spuerkapital fir Är Pensioun opzebauen.

Méi dozou...

Elo schonn d'Pensioun virbereeden

Mat der Pensioun reduzéiert sech effektiv och d'Akommes. Är gesetzlech Pensioun ass méi niddreg wéi Äre leschte Salaire.

Dofir ass et besser, virzesuergen an esou fréi ewéi méiglech ze spueren! D'Gläichgewiicht vun de Rentesystemer gëtt reegelméisseg duerch d'Ongewëssheet vum wirtschaftleche Wuesstem a enger méi héijer Liewenserwaardung a Fro gestallt.

Dofir ass et wichteg, seng Pensioun esou fréi ewéi méiglech ze preparéieren.