Äert Päerd Eng besonnesch Passioun erfuerdert och e besonnesche Schutz
Päerdsassurancen

Päerdsassurancen

Fir datt Dir Är Passioun ouni Aschränkungen ausliewe kënnt, proposéiert LALUX Iech eng Exklusivitéit zu Lëtzebuerg: eng Päerdsassurance. Dank der Zesummenaarbecht mat der Versécherungsgesellschaft R+V, Vereinigte Tierversicherung (VTV), déi an dësem Beräich spezialiséiert ass, profitéiert Dir vun enger ëmfaassender Päerds- bzw. Reitsportassurance. Bleift gutt am Suedel!
 

Virdeeler

Haftflicht

D'privat Haftflicht ass eng onëmgänglech Versécherung fir Päerdsbesëtzer. Si deckt Persouneschied a materiell Schied of, déi Äert Päerd verursaacht, onofhängeg dovun, ob et bei Iech, bei engem Reider oder engem Gardien ass.
 

Onfallversécherung fir Reider

Mat der Onfallversécherung sidd Dir virun deene finanzielle Konsequenze vun eventuelle Verletzunge geschützt, déi beim Reiden optriede kënnen. Dir gitt indemniséiert am Fall vu permanenter Invaliditéit, enger laanger Aarbechtsonfäegkeet, engem Spidolsopenthalt oder enger einfacher medezinescher Behandlung.

Operatiounskäschten-Assurance fir Päerd

D'Operatiounskäschte fir Äert Päerd kënne sech séier op e puer Dausend Euro belafen. D'Operatiounskäschten-Assurance garantéiert Iech de Remboursement am Fall vun engem chirurgeschen Agrëff mat Narkos oder Rouegstellung.

Zwou Liewensversécherunge fir Äert Päerd zur Auswiel

D'Onfall- a Liewensversécherung deckt den Doud an d'humanitäert Aschléiferen no engem Accident oder enger Vergëftung genee ewéi d'Risiken am Zesummenhang mam Transport, mat Déifstall oder Brand of.
D'Risikoliewensversécherung deckt de krankheets- oder onfallbedéngte Verloscht vun Ärem Päerd genee ewéi d'Risiken am Zesummenhang mam Transport, mat Déifstall oder Brand of. Och de Risiko, datt Dir Äert Päerd opgrond vun enger Krankheet, enger Vergëftung oder engem Accident net méi reiden, uspanen oder opzéie kënnt, kann ofgeséchert ginn.

Informatiounsvideo

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

Päerdsversécherungen

Méi dozou

Onofhängeg Leeschtungen

D'Päerdsassurance garantéiert Iech och, am Fall vun enger Operatioun, Leeschtungen, déi onofhängeg si vum Barème vun den Veterinärshonorairë, an dat ouni Indemnisatiounslimitt fir Veterinärsleeschtungen, Medikamenter, de medezinesche Suivi an der Klinick oder am Stall wärend 14 Deeg nom Agrëff.