Entspaant verreesen! D'Reesversécherunge vu LALUX
Reesversécherungen

Reesversécherungen

Vakanz mat der Famill, e klengen Trip an der Koppel oder eleng d'Welt entdecken? Déi verschidde Reesversécherungsformele vu LALUX bidden Iech ideale Schutz op d'Mooss - fir Iech a fir Är Famill. Profitéiert vun Ären Deplacementer an der ganzer Welt an d'ganzt Joer iwwer - Dir sidd gutt verséchert. A lass!

Virdeeler

Annulatioun (Récktrëtt) vun der Rees

D'Reesversécherung fir d'ganzt Joer ass eng Annulatiounsassurance, déi Iech am Fall vu Krankheet, engem Accident, Doud oder engem anerem onerwaarten Evenement de Remboursement vun de Reservatiounskäschte vun Ären Openthalter am Ausland a vu méi wéi 4 Deeg zu Lëtzebuerg garantéiert.
 

Assistance Annuelle

D'Gesondheet geet vir! D'Assistance Annuelle fänkt Iech op, wann Dir an der Vakanz oder wärend engem Ausfluch am Ausland onerwaart krank gitt oder en Accident hutt. Récktransport, Sich oder Rettung sinn och abegraff.
 

Assistance-Service 24h/24

Egal wat geschitt, Dir sidd a gudden Hänn! Am Kader vun der Assistance Annuelle kënnt Dir am Noutfall op déi bescht Servicer zeréckgräifen: sproochlech Ënnerstëtzung, Iwwermëttlung vun Kontaktdonnéeë vu Spideeler, Organisatioun vum Transport oder Transfert an eng Spezialklinick, Austausch vun Informatioune mam Hausdokter oder der noer Famill - mat LALUX sidd Dir ni eleng!
 

Äert Gepäck

D'Versécherung vun Ärem Gepäck an Äre perséinleche Géigestänn ass automatesch an der Formel PERFORMANCE vun Ärer Assurance easyPROTECT Haus a Wunneng abegraff.
Déi sinn deemno matverséchert, wa se verluer oder wéinst engem Déifstall, engem Iwwerfall oder aus enger vergläichbarer onfräiwëlleger Ursaach beschiedegt ginn. D'Garantie deckt och Är elektronesch Apparater, den Inhalt vun der Daachbox, d'Vëloen an d'Schi of (ausserhalb vun hirer direkter Benotzung).
 

Informatiounsvideo

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT Reesen

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT

Verbannt Är Haaptassurancen an engem Kontrakt