easyPROTECT Accident Performance Eng Entschiedegungsformel, déi Ären héchsten Ufuerderungen entsprécht
Formel Performance
Privatclienten / Assurancen / Accident / Formel Performance

Formel Performance

D'Formel Performance vun der Assurance easyPROTECT Accident erfëllt Är Ufuerderungen als Privatpersoun, gräift awer och a follgende Fäll:

  • Wann Dir berufflech vill Verantwortung drot
  • Wann Dir fräiberufflech schafft
  • Wann Dir selbststänneg sidd
  • Wann Dir Är Aktivitéit och no dem klengsten Accident net mi ausübe kéint (Restaurateur, Garagist, Museker, Model asw.)

Är Entschiedegung gëtt no deenen am allgemenge Lëtzebuerger Recht übleche Reegelen op der Basis vum Schued, deen Dir erlidden hutt, a vu sengen tatsächlechen Auswierkungen op Äert Liewe berechent.

Virdeeler

Am Fall vu permanenter Invaliditéit

Entschiedegung vu kierperleche Schied op der Basis vum Invaliditéitstaux, dee vun engem Médecin-expert ermëttelt gëtt, a vum Alter vum Affer.
Wat d'Persoun deemno méi jonk an den Invaliditéitstaux méi héich ass, wat och d'Entschiedegung méi héich ass.
- Bezuele vun de Behandlungskäschten no der Interventioun vun de Sozialversécherungsorganismen
- Entschiedegung vun 3 % Invaliditéit un
- Entschiedegung fir Schied u Kleeder

Am Stierffall

Am Fall wou den Doud bannent engem maximalen Zäitraum vun 2 Joer erfollegt an direkt op den Accident zeréckzeféieren ass, couvréiert LALUX:

- de wirtschaftleche Schued, deen Ärer Famill entstanen ass
- d'Entschiedegung fir de moralesche Schued vun Äre Familljememberen an direkter Linn
- d'Käschte fir d'Begriefnes oder d'Bäisetzung

Performance: kierperlech Schied, awer net nëmmen!

- Abousse vun Akommes no enger temporärer oder permanenter Aarbechtsonfäegkeet
- Ästheetesch Schied (Läinzeechen, Entstellungen an Deformatiounen)
- Entgaange Liewensfreed (Verzicht op sportlech a Fräizäitaktivitéiten)
- Moralesche Schued (am Fall vum Doud vum Assuré)

Versécherungszomm vu maximal 1 Millioun Euro

Profitéiert vun enger Versécherungszomm vu bis zu 1 Millioun Euro!

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT Accident

Méi dozou...

Assistance doheem

Eng effikass Hëllef am Noutfall

Am Kader vun der Optioun Assistance doheem iwwerhëlt LALUX eng ganz Rei vu Servicer, déi Äert Liewen no engem Accident vereinfache kënnen: Haushaltshëllef, Versuerge vu Kranken, Kanner an Déieren, psychologesch Ënnerstëtzung, schoulesch Nohëllef, Transport am Taxi.