Vertraut Är Gesondheet engem Spezialist un D'Krankeversécherunge vun DKV Luxembourg
Gesondheetsversécherungen

Gesondheetsversécherungen

Déi privat Krankeversécherunge vun DKV Luxembourg bidden Iech déi bescht medezinesch Leeschtungen, fir datt Dir am Fall vun enger Krankheet optimal ofgeséchert sidd. Ob ambulant Behandlungen, Openthalter am Spidol oder Behandlungen un den Zänn oder Aen, déi héich Remboursementer vun DKV Luxembourg sprangen do an, wou déi obligatoresch Krankekeess (CNS) medezinesch Käschten net integral oder guer net iwwerhëlt.

DKV Luxembourg ass zanter 1981 am Grand-Duché present an ass haut de Leader um Maart vun der privater Krankeversécherung. De Grupp LALUX huet d'Mark am Joer 2015 iwwerholl a konnt doduerch seng eege Positioun um Maart stäerken. Déi breet Gamm u Produite fir Privatclienten a fir Geschäftsclientë geet vun der einfacher Krankeversécherung fir Auslandsreesen iwwer Krankenzousazversécherungen an d'Assurance fir Akommesabousse bis zur Vollversécherung – souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland.

DKV Luxembourg ass Äre Gesondheetsspezialist am Grupp LALUX.

Entdeckt déi komplett Offer!

Den Ament aktuell

EASIFY YOUR HEALTH

Mat EASY HEALTH musst Dir Iech keng Suerge méi ëm d'Käschte fir en neie Brëll, eng Laseroperatioun vun den Aen, Behandlunge vun den Zänn an nach vill aner Saache maachen. A fir Iech d'Liewen nach méi einfach ze maachen, hu mir d'Leeschtunge vum Produit EASY HEALTH nach erweidert an den exklusive Service BEST CARE⁺ gratis integréiert. Dëse Service garantéiert Iech direkt Hëllef am Fall vun enger schwéierer Krankheet an ëmfaasst d'Krankeversécherung fir Auslandsreesen TRAVEL⁺.

All d'Gesondheetsversécherungsléisungen