easyPROTECT Auto
easyPROTECT Auto
Devis ufroenOb Dir privat oder berufflech, mat der Famill oder eleng ënnerwee sidd, Ären Auto begleet Iech dagdeeglech op villen Trajeten. An egal ob Dir e jonken oder en erfuerene Chauffer sidd, eppes Onerwaartes kann ëmmer geschéien.
D'Assurance easyPROTECT Auto vu LALUX séchert Iech ëmfaassend of a schützt net nëmmen Äert Gefier, mee och all d'Passagéier an Äert Gepäck.
Eis Formel Performance (Kasko/Omnium) bitt Iech en optimale Schutz géint all Zorte vu Schied, ouni onerwaart Käschten! Profitéiert elo vun der kompletter Offer u Servicer vum beléiftsten Assureur zu Lëtzebuerg.
Top Assistance inklusiv
Depannage- an Ofschleefdéngscht (24/7) am Fall vun enger Pann oder engem Accident, deen Äert Gefier immobiliséiert, sief et zu Lëtzebuerg - och bei Iech doheem - oder am Ausland. Assistance a Récktransport vum Gefier a vun de Passagéier.
Wéi eng Zort vu Versécherung passt am beschte bei Iech?
Fir Iech esou vill Flexibilitéit ewéi méiglech ze bidden, proposéiert LALUX 3 verschidde Versécherungsformelen: Sécurité, Confort a Performance.
Personaliséiert Äre Versécherungskontrakt mat deenen Optiounen, déi fir Iech interessant sinn.