Dir hutt Iech dofir entscheet, Iech mam Vëlo, ob E-Bike oder net, der Trottinett, dem Hoverboard oder engem anere Gefier, dat mat héchstens 25 km/h fiert, ze deplacéieren. De Package Duuss Mobilitéit bitt Iech e komplette Schutz.
Virdeeler
Déifstall
Esou e Gefier fir duuss Mobilitéit ass zimmlech deier, a leider ginn esou Gefierer gär geklaut. Duerfir sinn den Déifstall an de versichten Déifstall vun Ärem Gefier mam Package Duuss Mobilitéit ofgedeckt.
Materiell Schied
En Accident ass séier geschitt an déi finanziell Konsequenze sinn oft héich. Am Fall vu materielle Schied oder esouguer bei Vandalismus gëtt d'Reparatur vun Ärem Gefier iwwerholl. Ären Helm, Äre Schutz an Är Kleeder gi bei Schied och rembourséiert.
Persouneschied vum Chauffer a vun de Passagéier (optional Garantie)
Et ass och wichteg, sech selwer ze schützen!
Am Fall vun engem Verkéiersaccident ginn Är Dokteschkäschte bis zu 2.500 € iwwerholl. Doud an Invaliditéit sinn och bis zu 50.000 € verséchert.
E Schutz géint Accidenter, déi Dir verursaacht?
Denkt drun, Iech a puncto Haftflicht als Chauffer vun Ärem Gefier fir de Fall vun engem Accident gutt ze versécheren. Dës Assurance deckt effektiv déi Schied of, déi Dir bei engem anere verursaache kënnt, wann Dir mat engem Gefier fuert.
De Grupp LALUX hält virun allem op nohalteg Entwécklung an RSE (sozial Verantwortung vun den Entreprisen). Säit Dezember 2022 hunn déi 3 Entitéite vum Grupp LALUX de Label ESR - Entreprise Responsable.