Séchert Är Immobilieprojeten of easyLIFE Reschtschold vu LALUX
easyLIFE Reschtschold
Privatclienten/Assurancen/Liewen/easyLIFE Reschtschold

easyLIFE Reschtschold

Dir sidd kuerz virdrun, en Immobiliekredit ofzeschléissen, fir Proprietär ze ginn? Hutt Dir un d'easyLIFE Reschtschold geduecht?
Si gëtt dacks vun de Banke gefrot a bitt Iech d'Méiglechkeet, Är Famill virun engem finanzielle Risiko ze schützen.

Den Haaptzweck vun der Hypothéikeversécherung oder Reschtscholdversécherung besteet doranner, am Stierffall dee vun Iech festgeluechte Betrag zeréckzebezuelen. An der Reegel ass dat de Betrag vum Prêt. Dës Assurance kann och mat der Garantie fir permanent a komplett Invaliditéit ergänzt ginn. Am Fall vun enger vollstänneger a permanenter kierperlecher Invaliditéit no engem Accident oder enger Krankheet rembourséiert d'Assurance de festgeluechte Betrag.

Virdeeler

Een oder zwee Assuréen, Dir entscheet

Mat der Hypothéikeversécherung kënnen een oder zwee Assuréë verséchert ginn, wann de Prêt vun zwee Associéen oder vun enger Koppel zeréckbezuelt gëtt.  

Eemoleg Primm oder Joresprimm, Dir entscheet

Dir kënnt wielen, ob Dir eng eemoleg Primm um Ufank vum Prêt oder eng Joresprimm bezuele wëllt.

Informatiounsvideo

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyLIFE Prévoyance

Assurance décès mat konstantem Kapital