Bereet d'Zukunft vun Ärem Kand vir! E Kaddo fir de Bëbee

Méi dozou

Dir kënnt d'Zukunft vun Ärem Kand scho vu Klengem u virbereeden an him esou erlaben, ze studéieren oder gutt an d'Beruffsliewen ze starten. Mat LALUX an der Spuerkeess kënnt Dir fir Är Butze spueren a vum Kaddo fir Bëbeeën an Héicht vun 100 € profitéieren.

Profitéiert vun dësem Kaddo fir de Bëbee, fir virun dem éischte Gebuertsdag vun Ärem Kand eng lalux-Study Cover-Assurance bei LALUX ofzeschléissen an e blockéierte Spuerkont bei der Spuerkeess opzemaachen.

LALUX schenkt Iech 50 €

fir eng lalux-Study Cover-Assurance ofzeschléissen

D'Spuerkeess schenkt Iech 50 €

fir e blockéierte Spuerkont opzemaachen

lalux-Study Cover

Devis ufroen

lalux-Study Cover

  • Mat lalux-Study Cover kënnt Dir fir Äert Kand e Spuerkapital opbauen, fir et bei sengem Studium oder beim Start an d'Beruffsliewen ze ënnerstëtzen.
  • Um Enn vum Kontrakt bleiwen d'Erspuernesser dem Kand garantéiert, och wann ee vun de versécherten Elterendeeler stierwe sollt. Am Stierffall ginn d'Primme vu LALUX iwwerholl.
  • Wärend deenen éischte 5 Joer limitéiert d'Leeschtung sech an engem Stierffall op de Remboursement vun den abezuelte Primmen.
  • Um Enn vum Kontrakt kritt d'Kand d'Erspuernesser a Form vun trimestrielle Renten ausbezuelt.
  • Jee no Héicht vun Ärem Akommes kënne bis zu 40 % vun de Primme steierlech ofgesat ginn.

Blockéierte Spuerkont

  • E blockéierte Spuerkont ka vun den Elteren, engem gesetzleche Vertrieder oder enger Drëttpersoun (Grousselteren ...) fir e Kand, dat hinnen nosteet, opgemaach ginn.
  • D'Kand ass den Titulaire vum Kont, huet awer eréischt vu sengem 18. Gebuertsdag un Zougrëff op d'Fongen.

Blockéierte Spuerkont

Méi dozou