Komplette Versécherungsschutz, deen d'Passagéier, d'Gefier an Äert Gepäck schützt, a sech un Är Besoinen a puncto Mobilitéit upasst.
Bauversécherunge schützen Äre Chantier a versécheren Äert Gebai bis zu 10 Joer nom Enn vun de Bauaarbechten.
Spuert fir eng Zousazpensioun a profitéiert gläichzäiteg vu bedeitende steierleche Virdeeler. easyLIFE Pension bitt Iech 2 Formullen un: eng mat garantéiertem Kapital an eng mat der Méiglechkeet, an Investmentfongen ze investéieren.
D'Multirisk-Assurance, déi Är Wunneng an hiren Inhalt schützt, onofhängeg dovunner, ob Dir an engem Haus oder an engem Appartement wunnt.
Am Fall vun engem Litige bitt de Rechtsschutz Iech Berodung an hëlleft Iech, séier eng Léisung am Gudden ze fannen. En deckt och d'Käschten an d'Honorairen of, wa geriichtlech Schrëtt sollten néideg ginn.
Séchert de Liewensstandard vun Äre Léifsten of oder garantéiert de Fortbestand vun Ärer Entreprise am Stierffall. D'Assurance décès vu LALUX-Vie ass eng klassesch Léisung, mat där Dir virsuerge kënnt.
Wëllt Dir e Schued mellen oder e Renseignement iwwer e lafenden Dossier froen?
Braucht Dir e Renseignement iwwer eis Assurancen oder iwwer ee vun Äre Kontrakter?
Braucht Dir e Renseignement iwwer eis Léisungen am Beräich Liewensversécherungen?
Iwwerloosst dat eise Fachleit an eisem Service unique d'assistance. Eng eenzeg Telefonsnummer steet Iech ronderëm d'Auer, 7 Deeg op 7 zur Verfügung!
Mir bei LALUX wëssen, datt e Waasserschued, en Autosaccident oder en Tëschefall doheem Iech aus dem Gläichgewiicht brénge kann. Zanter iwwer 100 Joer begleede mir d’Awunner vu Lëtzebuerg mat Versécherungsléisungen, déi drop ausgeriicht sinn, net nëmmen déi geleefeg Imprevuen, mee och aussergewéinlech Situatiounen ze meeschteren. Eis Missioun: Verständlech, fair an zu all Situatioun passend Versécherungsleeschtungen unzebidden, fir datt Dir ongeplangten Evenementer entspaant entgéinttriede kënnt.
D’Besoinen am Assurancëberäich sinn ënnerschiddlech an hänke vun der jeeweileger Wunneng, der Mobilitéit oder der Zesummesetzung vum Stot of. LALUX proposéiert eng breet Gamm u Versécherungsléisungen : Haus a Wunneng, Haftflicht, Auto, Rechtsschutz, Accident, Fräizäit oder och nach Reesen. Eis Kontrakter kënne personaliséiert an un Är Prioritéiten ugepasst ginn, sief et fir d’Ofsécherung vun engem bestëmmte Bien oder enger besonnescher Aktivitéit. Eist Zil: Iech eng einfach, verständlech an evolutiv Assurance ze bidden, déi op Iwwerflësseges verzicht.
Eng Assurance ofschléisse bedeit och, an all Etapp vun enger klorer Berodung a Begleedung profitéieren ze kënnen. Bei LALUX stinn eis Beroder Iech zur Säit, fir zesummen ze bestëmmen, wéi eng Garantien nëtzlech sinn, d’Ausschlëss ze verstoen an Är Choixen un Är jeeweileg Situatioun unzepassen. Si sinn am ganze Land present, fir Iech zougänglech a reaktiv Léisungen unzebidden, déi bei Är tatsächlech Besoine passen.