easyPROTECT Auto Äre Stil, Äre Choix. Eise Schutz.

Méi dozou

Ob privat oder berufflech ënnerwee, Ausflich mat der Famill oder Spadséiergäng eleng, Ären Auto begleet Iech dagdeeglechen op villen Trajeten. Mat der neier easyPROTECT Auto vu LALUX profitéiert Dir vun enger flexibeler a komplett personaliséierter Assurance.

easyPROTECT Auto bitt Iech eng Versécherung op d'Mooss, déi Äre Besoinen entsprécht: Wielt déi passend Garantien an Optiounen, déi Iech zousoen. Profitéiert mat der Formule Performance (mat Casco/Omnium) vun engem optimale Schutz géint all Zorte vu Schued ouni onerwaarte Käschten. 

Entscheet Iech fir d'Servicer vum beléiftsten Assureur zu Lëtzebuerg.

easyPROTECT Auto

Devis ufroen

Virdeeler

Ersatzgefier

Är Mobilitéit garantéiert, egal wat geschitt: bis zu 5 Deeg am Fall vun enger Panne, bis zu 15 Deeg am Fall vun engem versécherten Accident, bis zu 60 Deeg am Fall vun engem Vol. Verlängerunge sinn als Optioun méiglech, wann Dir dëst wëllt.

Schutz vun Ärem Bonus no engem Materialschued

Mat der Formel Performance geet Är Primm no materielle Schied un Ärem Gefier net an d’Luucht.

Fuererschutz

De Chauffeur ass déi eenzeg Persoun, déi ni duerch hir Autosassurance ofgeséchert ass. Eng spezifesch Ofsécherung fir de Chauffeur ass am Fall vun engem Accident also onverzichtbar. 

Neiwäert oder Kafpräis

Am Fall vun engem Totalschued vun Ärem neien och gebrauchten Auto, dee manner wéi 3 Joer huet, kritt Dir den Neiwäert (fir nei Autoen) oder de Kafpräis (fir Gefierer vu manner wéi engem Joer) bis zu engem Alter vun 3 Joer rembourséiert.

Gepäck a perséinlech Géigestänn

Bei Déifstall oder Beschiedegung sinn Äert Gepäck, Är perséinlech Géigestänn a Gepäckdréier, déi bannen am Auto oder baussen um Auto fixéiert si verséchert.

easyPROTECT Auto

Devis ufroen