Schütz alles, wat dir wichteg ass, a gestalt deng individuell Assurance easyPROTECT Discover, déi ideal Assurance fir Studenten am Ausland

Entdeck wéi

easyPROTECT Discover

easy peasy, den ideale Versécherungsschutz fir Studenten

Déi éischt optimiséiert Vollversécherungsléisung fir Studenten oder Léierbouwen/-meedercher bis 27 Joer, déi zäitweis am Ausland wunnen. Mat easyPROTECT Discover hues du en All-in-One-Kontrakt, deen op deng Besoinen a Mëttel zougeschnidden ass. Genéiss däi Studium an aller Rouh!

Firwat sollts du eng Assurance ofschléissen, wann s du an d’Ausland studéiere gees?

Wann s du Lëtzebuerg verléiss, fir am Ausland ze studéieren oder eng Léier ze maachen, léiss du och verschidden Ofsécherungen hannert dir. A wann s du ee gesondheetleche  Problem hues, däi Computer geklaut gëtt oder e Schued bei engem Drëtte verursaacht gëtt, kann et séier deier ginn. Mat enger Studenteversécherung wéi easyPROTECT Discover bass du komplett ofgeséchert, egal wou s du bass, 24h/24. Esou kanns du dech garantéiert op dat Wichtegst konzentréieren, ouni Stress oder béis Iwwerraschungen.

D’Virdeeler vun eiser Studenteversécherung

Schütz däin Alldag

  • Eng Assurance mat enger kompletter Haftflicht- a Rechtsschutzversécherung fir däi Privat- a Studenteliewen (ausser berufflech Aktivitéiten)

Schütz deng Geräter

  • Broch an Déifstall vu Computer- an audiovisuelle Geräter, déi sech an denger Studentewunneng befannen
  • Broch an Déifstall vun drobare Computer- an audiovisuelle Geräter weltwäit, 24 Stonnen den Dag
  • Broch an Déifstall vun dengem Smartphone weltwäit, 24 Stonnen den Dag

Schütz nach méi

  • Zeréckbezuele vun Aschreiwungskäschten op der Uni oder der Ausbildungsplaz bei Ofbroch vum Studium wéinst Krankheet, Accident oder Doud
  • Zeréckbezuele vu Reeskäschten am Noutfall (Krankheet, Doud, oder Accident vun engem Elterendeel)
  • Remboursement vun de Käschte fir Computerdonnéeën no engem versécherte Schued erëm hierzestellen

Schütz deng Wunneng

  • Ofsécherung vum gelounte Gebai géint Feier, Waasser a Glasbroch
  • Versécherung fir deng Miwwelen, onofhängeg dovun ob si dir gehéieren oder ob s du se gelount hues

Schütz deng Gesondheet

  • Assistance-Hëllefsdéngscht bei medezineschen Noutfäll
  • Zeréckbezuele vun Doktesch-, Spidols- an Zänndokteschkäschten am Ausland
  • Réckféierung am Krankheets- oder Doudesfall (vum Versécherten oder engem Elterendeel)

Personaliséier däi Versécherungsschutz a rechen deng Primm aus

Deng Situatioun

??,?? €

Primm pro Mount fir eng Assurance easyPROTECT Discover mat den ausgewielte Garantien.

Conducteur avec casque – mobilité urbaine bien assurée

Schütz och däin Auto (oder Moto)…

Entdeck déi verschidden Auto- a Motosassruancë vu LALUX

 

Wa Mobilitéit fir dech éischt Prioritéit huet, da schütz däi Gefier viru Glasbroch, Déifstall a Materialschued mat enger Autoversécherung vu LALUX. Entdeck déi verschidde Formulle fir ënnerschiddlech Besoinen a Mëttel, du hues d’Wiel.

 

Entdeck easyPROTECT Auto