Entspaant mam Auto ënnerwee easyPROTECT Auto këmmert sech ëm Iech an ëm Ären Auto!

Assurance easyPROTECT Auto

Assurance easyPROTECT Auto

Assurancë fir Autoen, Motoen an aner Gefierer

Ob Dir privat oder berufflech, mat der Famill oder eleng ënnerwee sidd, Ären Auto begleet Iech dagdeeglech op villen Trajeten. Mat der neier easyPROTECT Auto vu LALUX profitéiert Dir vun enger flexibeler Assurance, déi komplett personaliséierbar ass. 

easyPROTECT Auto bitt Iech eng Versécherung op d'Mooss, déi Äre Besoinen entsprécht: Wielt déi passend Garantien an Optiounen, déi Iech zousoen. 

Profitéiert mat der Formule Performance (mat Casco/Omnium) vun engem optimale Schutz géint all Zorte vu Schued ouni onerwaarte Käschten. Entscheet Iech fir d'Servicer vum beléiftsten Assureur zu Lëtzebuerg.

Autosassurance: d’Virdeeler vu LALUX

Ersatzgefier

Är Mobilitéit garantéiert, egal wat geschitt: bis zu 5 Deeg am Fall vun enger Panne, bis zu 15 Deeg am Fall vun engem versécherten Accident, bis zu 60 Deeg am Fall vun engem Vol. Verlängerunge sinn als Optioun méiglech, wann Dir dëst wëllt.

Keng Franchise am Fall vun engem versécherte Schued

Ab der Formule Confort profitéiert Dir vun engem komplette Remboursement am Fall vun engem versécherte Schued. Keng Franchise fir jonk Chaufferen, wann dës am Kontrakt als Chauffer genannt ginn.

Schutz vun Ärem Bonus no engem Materialschued

Mat der Formule Performance geet Är Primm no materielle Schied un Ärem Gefier net an d’Luucht.

D’Assurance easyPROTECT, en exzellente Service

Kee Virstrecke fir d'Reparaturen, LALUX iwwerhëlt a bezilt d'Prestatairen am Fall vun engem versécherte Schued direkt

Zefriddenheetsgarantie: 98% vun eise Clientë sinn zefridde mat der Gestioun vun hire Schied a 96% vun eise Clientë recommandéieren eis. 

Neiwäert oder Kafpräis

Am Fall vun engem Totalschued vun Ärem neien och gebrauchten Auto, dee manner wéi 3 Joer huet, kritt Dir den Neiwäert (fir nei Autoen) oder de Kafpräis (fir Gefierer vu manner wéi engem Joer) bis zu engem Alter vun 3 Joer rembourséiert.

Gepäck a perséinlech Géigestänn

Bei Déifstall oder Beschiedegung sinn Äert Gepäck, Är perséinlech Géigestänn a Gepäckdréier, déi bannen am Auto oder baussen um Auto fixéiert si verséchert.

Informatiounsvideoen

easyPROTECT Auto

LALUX Taxi

Schutz fir Elektroautoen

Dokumenter

Weider interessant Produiten

FAQ – Autosassurance

Wéi eng Autosassurancë sinn zu Lëtzebuerg obligatoresch?

 

Zu Lëtzebuerg ass nëmmen d’Haftflichtversécherung (Autohaftflichtversécherung), déi an allen easyPROTECT Auto-Formulle vu LALUX abegraff ass, obligatoresch. Si deckt Persounen- a Materialschied of, déi Dir bei anere Leit verursaache kéint. Dës Couverture schützt awer ni de Chauffer selwer am Fall vu Verletzungen oder am Stierffall. 
Dofir recommandéiert LALUX Iech staark, Är Assurance mat enger Chauffer-Garantie oder enger Accident-Garantie (Doud, Invaliditéit, Dokteschkäschten) ze ergänzen. Dës Zousazgarantië si wichteg, fir Ären eegene Schutz als Chauffer ze garantéieren an Iech am Fall vun engem Accident finanziell ofzesécheren.

 

Eis Assurancë fir Chaufferen

Decken d’Autosassurancë vu LALUX och Elektro- oder Hybridgefierer of?

 

Bei enger elektrescher Pann schleeft d'Top Assistance Iech bis bei déi nooste Luedstatioun.

Bei Déifstall duerch een elektroneschen Hackerugrëff ass Ären Auto verséchert. D'Accessoiren an de Kabel fir ze luede sinn och an der Garantie Déifstall mat abegraff.

Mat der Optioun Schutz fir Hybrid- oder Elektroautoe sidd Dir am Fall vun engem Schued ofgeséchert: den Diagnostik, d'Dekontaminatioun an de Recyclage vun der Batterie gi komplett iwwerholl.

 

Wat deckt eng Autosassurance of?

Jee no gewielter Formule (Sécurité, Confort oder Performance) kënnen déi follgend Leeschtungen abegraff sinn:

  • Rechtsschutz
  • Glasbroch
  • Brand
  • Déifstall
  • Vollkasko
  • Assistance  
  • Ersatzgefier
  • Neiwäert bei Totalschued
  • Gepäck a perséinlech Géigestänn am Fall vun Déifstall oder Beschiedegung

Wéi eng Krittäre beaflossen de Präis vun der Autosassurance?

Den Tarif vun Ärer Autosassurance hänkt vun e puer Krittären of, ënner anerem:

  • Zort vu Gefier (Leeschtung, Modell, Alter)
  • Alter vum Haaptchauffer
  • Historique vum Fuerverhalen an Astufung vum Bonus-Malus
  • gewielte Garantien an Optiounen

Wéi funktionéiert de Bonus-Malus-System zu Lëtzebuerg?

De Bonus-Malus-System belount Chaufferen ouni Accident mat Reduktioune vun der Primm a bestrooft déijéineg, déi schonn Accidenter verursaacht hunn. Mat easyPROTECT Auto – Formule Performance ass Äre Bonus bei Materialschied, déi vun der Kasko ofgedeckt sinn, geschützt: An dësem Fall kënnt et zu kenger Erhéijung vun der Primm.

Deckt d’Autosassurance Naturkatastrophen of?

Jo. D’Garantie „Naturgewalten”, déi ab der Formule Confort abegraff ass, deckt wiederbedéngt Evenementer wéi Knëppelsteng oder Stierm of.