Eng nohalteg Investitioun mat méiglechem Kapitalschutz easyLIFE Invest for Future
easyLIFE Invest For Future

Wëllt Dir Iech Erspuernesser opbauen a gläichzäiteg zu enger méi nohalteger Welt bäidroen? 

easyLIFE Invest for Future ass e Liewensversécherungsvertrag deen Iech eng verantwortlech Investissementsalternativ ubidd, déi Ären etheschen, sozialen an ekologesche Wäerter entsprécht. Ausserdeem, ofhängeg vun Ärem Choix, kënnt Dir mat easyLIFE Invest for Future Kapitalschutz an d'Leeschtung vun Investitiounsfonge kombinéieren. 

 

easyLIFE Invest for Future

Devis ufroen

Entdeckt d'Virdeeler vun easyLIFE Invest for Future

E flexible Produit, dee sech un Ären Investisseurprofil upasst

Entspriechend Ärem Investisseurprofil an Äre Besoinen, kënnt Dir mat easyLIFE Invest for Future Är Erspuernësser tëschent enger sécherer Komponent an Investitiounsfongen opdeelen. Dir hutt dräi Formelen zur Auswiel: Safe, Balanced an Dynamic, déi den Deel vum geschützte Kapital an den Deel, deen a Fongen investéiert gëtt, bestëmmen.

Dir bestëmmt Är Beneficiairë selwer

Äre Kontrakt gesäit vir, datt Dir Beneficiairë fir de Stierffall ernennt. Dir kënnt deemno Är Successioun fräi plangen an deenen, déi Iech nostinn, direkten Zougrëff op d'Kapital, dat Dir ugespuert hutt, garantéieren. 
 

E flexibelt Investissement, dat sech un Är Situatioun upasst

Dir kënnt zu all Moment eng oder e puer eemoleg Primmen abezuelen, an dës eventuell och duerch Primmen ergänzen, déi Dir all Mount iwwerweist. Wann e Besoin besteet, dann hutt Dir och d'Méiglechkeet, Iech Äert Kapital ënner Berücksichtegung vun engem gewësse Mindestbetrag ganz oder deelweis ausbezuelen ze loossen.
 

Eng Auswiel vun héichwäerteg Fongen

Dir sidd fräi aus enger grousser Gamme vu virsiichteg ausgewielte Fongen ze wielen. Natierlech steet den Agent vun Ärem Vertrauen zur Verfügung fir Iech ze hëllefen wann néideg.

Eng responsabel Investitioun, mam LuxFLAG Label

All Är Erspuernisser, souwuel de Kapitalgeschützten Deel wéi och den Deel, deen a Fonge geet, gi verantwortlech no der ESG-Klassifikatioun (Environment, Social and Governance) investéiert. Mam LuxFLAG Label sidd Dir sécher, datt d'Konformitéit mat den ESG Qualitéite vun den ausgewielten Investitioune vun engem onofhängegen Institut verifizéiert gouf.

Informatiounsvideo

easyLIFE Invest for Future

Devis ufroen