Strategie, Partnerschaften a konkret Aktiounen D'Responsabilité Sociale des Entreprises (RSE) bei der LALUX
Entdecken

Ënnert dem Begrëff RSE versteet een d’Aart a Weis, wéi Entreprisen hir sozial, ökologesch a wirtschaftlech Auswierkungen am Kader vun der Entwécklung vun hiren Aktivitéiten geréieren. 

Et ass e globalen a vernetzten Approche, deen Entreprisen dozou encouragéiert, ethesch, nohalteg a verantwortungsbewosst ze agéieren an dobäi och d’Interesse vun de Stakeholder, inklusiv dem Planéit, ze berécksiichtegen. D’Zil ass also ee laangfristege Wäert fir d’Entreprise an d’Gesellschaft insgesamt ze schafen. 

Eng wierklech nohalteg Demarche fuerdert eng individuell a kohärent Strategie, engagéiert Mënschen a Mataarbechter, déi zum Fortschrëtt wëlle bäidroen a soumat e Vektor vun enger reeller, éierlecher an nohalteger Weiderentwécklung sinn. 
 

D'RSE-Strategie vum Grupp LALUX

An Zukunft wäerte sech all d'Aktiounen vum Grupp LALUX ëm déi follgend 5 grouss Thematiken dréien

(1) Finanziell Stabilitéit an nohaltege Wirtschaftswuesstum

Bei dëser éischter Thematik geet et drëm, finanziell Stabilitéit an en nohaltege Wirtschaftswuesstum oprecht ze erhalen an ze garantéieren.
Nëmmen esou kënne mir eis Haaptmissioun erfëllen: eis Clientë géint déi Risiken ofsécheren, fir déi si eng Assurance ofgeschloss hunn.

(2) Soziaalt Engagement an territorial Verankerung

Déi zweet betrëfft eist soziaalt Engagement an eis territorial Verankerung. Si gehéieren zanter Joerzéngten zu eiser DNA, well mir ënnerstëtze vill lokal Wueltätegkeetsorganisatiounen a Sportsveräiner. Hei fannt Dir e puer Beispiller vun eise gréisste Sponsoringaktiounen.

(3) Minimisation de notre empreinte environnementale

La troisième thématique a trait à la minimisation de notre empreinte environnementale. Mesurer et réduire nos émissions carbone, compenser nos impacts négatifs, assurer une gestion responsable et réduction des déchets et digitaliser certaines démarches et processus sont les quatre axes principaux.

(4) Bekämpfung vun Diskriminatiounen

Déi véiert Thematik ass drop ausgeriicht, Diskriminatiounen ze bekämpfen a vulnerabel Gruppen ze schützen. Souwuel intern wéi och extern heeschen d'Stéchwierder hei Diversitéit, Inklusivitéit, Schutz a Bienveillance.

(5) Fërderung vum Wuelbefannen op der Aarbecht

Déi lescht Thematik riicht sech ausschliisslech un eis Mataarbechter a betrëfft d'Fërderung vum Wuelbefannen op der Aarbechtsplaz. Well d'Qualitéit vun eise Servicer staark vun der Produktivitéit vun eise Mataarbechter ofhänkt, ass et eis wichteg, en angeneemt a gesond Aarbechtsëmfeld ze schafen, fir esou déi kierperlech a mental Gesondheet vun eise Mataarbechter am A ze behalen an ze fërderen.

Eis RSE-Strategie

LALUX huet hir RSE-Strategie ronderëm 5 grouss Thematiken definéiert ëm déi sech all eis zukünfteg Aktioune wäerten dréinen.

D'Responsabilité Social des Entreprises (RSE) vu LALUX

D'Noelle Gerin, Responsabel fir nohalteg Entwécklung, presentéiert d'RSE-Strategie vum Grupp a LALUX an déi konkret Mesuren, déi an deem Kader schonn ënnerholl goufen.

Eisen ekologesche Foussofdrock minimiséieren

Fir zur nohalteger Entwécklung an dem Schutz vun der Ëmwelt bäizedroen, huet LALUX en Rei Ännerungen un hirem Gebai gemaach. Weider konkret Moossname wäerten och an Zukunft nach ëmgesat ginn.

Wuelbefannen op der Aarbecht

Mat der Iwwerzeegung, datt eng d'Erreeche vun Exzellenz virun allem erfuerdert, sech gutt ëm seng Mataarbechter ze këmmeren, fërdert LALUX d'Entwécklung vun engem agreablen a gesonden Aarbechtsëmfeld, dat "Work-Life Balance" respektéiert. 

RSE um Niveau vun den Assurancëprodukter

Eng responsabel Liewensversécherung?

Dir wéilt gäre spueren an zu enger duraabler Zukunft bäidroen ?

easyLIFE Invest for Future proposéiert Iech eng interessant Spuer-Alternativ, déi mat Ären etheschen, sozialen an ökologeschen Iwwerzeegungen iwwereneestëmmt. Doriwwer raus kënnt Dir mat easyLIFE Invest for Future garantéiert Kapital mat der Leeschtung vun Investmentfonge kombinéieren.