Sozialen, sportlechen a musikaleschen Engagement De Sponsoring bei LALUX
Méi dozou
Infoen & Tools / De Sponsoring bei LALUX

De Sponsoring bei LALUX

Sponsoring am Sportberäich

 

 

Lëtzebuerger Futtballfederatioun (Fédération Luxembourgeoise de Football - FLF)

LALUX Assurances zielt zanter iwwer 20 Joer zu den offizielle Sponsore vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. LALUX ënnerstëtzt d'Lëtzebuerger Nationalekipp bei internationale Matcher. Bei de Matcher, déi heiheem gespillt ginn, kënnen d'Zuschauer ee vun de Präisser gewannen, wa si gratis bei der LALUX-Tombola matmaachen. Entdeckt hei d'Gewënner.

De LALUX FAIR-PLAY INDOOR CUP, deen ënnert dem Numm vu LALUX gespillt gëtt, ass e Futsal-Tournoi, bei deem et nieft dem Spill u sech och ëm de Fair-Play geet. Dës sozial Wäerter, déi de Futtball vermëttele wëll, sinn och fir LALUX wichteg.

Lëtzebuerger Basketballfederatioun (Fédération Luxembourgeoise de Basketball - FLBB)

D'Lëtzebuerger Basketballfederatioun, déi den 10. Dezember 1933 vum Aloyse Hentgen gegrënnt gouf, huet als Missioun d'Gestioun an d'Organisatioun vum Basketballsport op allen Niveauen zu Lëtzebuerg.

D'FLBB ​​huet zanter hirer Grënnung zu der Entwécklung vum Basketball zu Lëtzebuerg bäigedroen a geréiert och d'Nationalekippen. Si huet d'Grondwäerter vum Basket als Ekippesport definéiert a suivéiert eng kloer Visioun, fir d'Ziler vun dësem Sport ze erreechen, mat enger kohärenter Strategie, déi permanent bei all hiren Aktivitéite verfollegt gëtt.

Well de Grënner gläichzäiteg och zu de Grënner vu LALUX gezielt huet, ass LALUX Assurances selbstverständlech zanter Joren offizielle Sponsor vun der Basketballfederatioun. Wéi den Numm vum Tournoi et schonn undeit, gëtt de LALUX Ladies Cup och vu LALUX ënnerstëtzt.

 

Postlaf

Um Ufank war LALUX Sponsor vun den „10 Stonne Vëlo”, déi vun der Amicale vun der Post organiséiert goufen. Duerno waren et d'Galae vum Tour de France an zanter 1999 ass LALUX ee vun de Sponsore vum Postlaf, deen haut e grousse Succès ass. Parallel dozou organiséiert d'Amicale POST Luxembourg och eng Course fir Kanner ënnert dem Numm LALUX Kids Run.

 

 

Sponsoring vum Reitsport

Dank der Zesummenaarbecht mat der Versécherungsgesellschaft R+V, Vereinigte Tierversicherung (VTV), déi an dësem Beräich spezialiséiert ass, proposéiert LALUX Assurances eng ëmfaassend Päerdsassurance. LALUX huet zanterhier schonn e puer renomméiert national Reitchampionnater ënnerstëtzt.

DKV-UrbanTrail

Zanter senger éischter Editioun am Joer 2010 ass den DKV-UrbanTrail net méi aus der Welt vun de sportlechen Evenementer zu Lëtzebuerg ewechzedenken.DKV Luxembourg, Member vum Grupp LALUX, war vun Ufank un den Haaptsponsor vun dëser Course, déi duerch d'Natur an duerch d'Stad Lëtzebuerg féiert.

Den DKV-UrbanTrail riicht sech u Leefer vun all Alter, déi, onofhängeg vun hire Leeschtungen, e sportlecht Abenteuer erliewe wëllen. Dobäi si Leefer aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland, déi op verschiddenen Distanzen den Zentrum, d'Alstad, d'Festungsanlagen an esouguer de Bësch an der noer Ëmgéigend entdecke kënnen.

 

 

Partenariater

 

 

SOS Kannerduerf

D'Netregierungsorganisatioun SOS Villages d’Enfants Monde, déi fir déi am meeschte benodeelegt Kanner a Familljen an der Welt täteg ass, ass zu Lëtzebuerg an an de Länner, an deene si fir d'Rechter an de Schutz vu Kanner antrëtt, eng Referenz. Si steet ënnert dem Héije Patronage vun der Grande-Duchesse a gëtt ënnerstëtzt vum Aussen- an Europaministère an anere staatlechen Entitéiten. Si ass Member vun der Federatioun SOS Children’s Villages International.

LALUX Assurances ënnerstëtzt d'Associatioun bei verschiddenen Evenementer, déi si organiséiert, an och bei aneren Evenementer, déi vu LALUX gesponsert ginn. Dozou zielt zum Beispill d'Spillfest, bei deem LALUX dem SOS Kannerduerf a senge Benevollen hëlleft, an der Ëffentlechkeet méi bekannt ze ginn.

Union Grand-Duc Adolphe – UGDA

D'Union Grand-Duc Adolphe, besser ënnert hirer Ofkierzung UGDA bekannt, ass den nationale Verband fir Gesangs-, Musek-, Folklor- an Theaterveräiner zu Lëtzebuerg. Si regruppéiert momentan iwwer 12.500 aktiv Memberen aus 291 affiliéierte Veräiner.

Als Partner vun der UGDA zanter iwwer 20 Joer ënnerstëtzt LALUX Assurances dës Kënschtler vu Klengem u bei der Entwécklung vun hirem Talent.

Lëtzebuerger Guiden a Scouten - LGS

D'Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn déi gréisst Jugendbeweegung zu Lëtzebuerg. Hir Missioun besteet doranner, déi Jugendlech drop virzebereeden, Verantwortung fir sech selwer a fir déi aner ze iwwerhuelen. D'Schlësselwierder vun de LGS si Respekt, Kreativitéit a Motivatioun.

All Eenzele kann hei schéin Erfarunge maachen, Frëndschafte schléissen, sech sozial Kompetenzen uneegnen a sech perséinlech weiderentwéckelen. Déi Jonk léieren, d'Natur ze respektéieren, sech a Fro ze stellen an doriwwer nozedenken, wéi en Ëmfeld fir si dat bescht ass. Si ginn och geléiert, sech méi fir anerer anzesetzen.

LALUX Assurances encouragéiert déi jonk Membere vun dëser Beweegung, dës nobel Wäerter weiderzëentwéckelen, déi hinnen op hirem Wee duerch déi verschidden Etappe vun hirem Liewe weiderhëllefe wäerten.

Foire Agricole Ettelbruck - FAE

Zanter datt d'Versuchslaboratoirë vun der Verwaltung fir technesch Servicer vun der Landwirtschaft an de Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck installéiert sinn, gëtt d'Stad dacks als déi „landwirtschaftlech Stad” vu Lëtzebuerg bezeechent. Déi éischt landwirtschaftlech Ausstellung huet am Joer 1958 stattfonnt. Zanterhier gëtt d'Foire Agricole reegelméisseg organiséiert.

An Zesummenaarbecht mat De Verband zielt LALUX Assurances zanter iwwer 10 Joer zu de Partner vun der Ettelbrécker Foire Agricole (FAE). Opgrond vun der grousser Clientèle aus dem Landwirtschaftssecteur ass dës Ënnerstëtzung méi ewéi gerechtfäerdegt. D'FAE zitt all Joer am Duerchschnëtt 30.000 Visiteuren un.

Den Atelier

D'Iddi, e Club fir Live-Musek opzemaachen, koum ufangs der 90er Joren op. D'Grënner hu sech gefrot, firwat international Gruppen an den Nopeschlänner opgetruede sinn, awer net zu Lëtzebuerg. Aus dëser Iddi ass Den Atelier, wéi mer en haut kennen, entstanen.

Als offizielle Sponsor zanter 2009 ënnerstëtzt LALUX Assurances mat dësem Partenariat déi villfälteg Musekskultur zu Lëtzebuerg. Den Atelier huet mat groussem Succès e puer Open Air-Festivallen organiséiert. LALUX huet och e puer Editioune vun den Open Air Rock-A-Field-Festivallen an, méi rezent, de Siren’s Call-Festival gesponsert.

Luxembourg Art Week

Luxembourg Art Week | The Fair ass déi éischt Ausstellung fir zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg. Zanter 2015 ass LALUX Assurances Partner vun der Luxembourg Art Week.

Als Sammler vun zäitgenëssescher Konscht ënnersträicht LALUX mat dësem Partenariat hire groussen Interessi fir d'Konscht a fërdert gläichzäiteg hire Rayonnement zu Lëtzebuerg.