Infoen & Tools / Aktuelles / LALUX - Partner vun natur&ëmwelt a.s.b.l.
  • La stratégie RSE de LALUX

    Entdecken

    LALUX - Partner vun natur&ëmwelt a.s.b.l.

    Am Kader vun hirer RSE-Strategie wëll LALUX hiert soziaalt Engagement an hir territorial Wuerzelen duerch eng Partnerschaft mat natur&ëmwelt a.s.b.l. ënnersträichen fir si an hire Missiounen ze ënnerstëtzen.

    An dëse Missioune geet et drëm Kanner a Jugendlecher ze ënneriichten, wärend de Vakanzen oder wärend der Schoulzäit, awer och ëm d’Formatioun vum Léierpersonal an Educateuren. Duerch d'Informéiere vun de Bierger vun haut a vu muer, probéiert natur&ëmwelt a.s.b.l. hir Relatioun mat der Natur ze stäerken a si ze encouragéiere fir hire Schutz ze kämpfen.

    Iwwer natur&ëmwelt a.s.b.l. : Zënter méi wéi 100 Joer ënnerhëlt natur&ëmwelt a.s.b.l Aktioune fir d’Biodiversitéit ze erhaalen, an zitt hir Kraaft virun allem aus hiren 10.000 Memberen a 40 Partnerverbänn. D’ganzt Joer schaffe si zu Lëtzebuerg an international fir d’Sensibiliséierung vu Kleng an Grouss iwwer de Respekt an d’Erhale vun eiser Ëmwelt.