Wéi eng Versécherunge si fir Leit, déi nei zu Lëtzebuerg ukommen, onëmgänglech? Wëllkomm zu Lëtzebuerg

Méi dozou

Versécherungsléisunge fir Expats a Leit, déi nei zu Lëtzebuerg ukommen

Sech zu Lëtzebuerg installéieren

Onofhängeg dovunner, ob Dir Iech definitiv installéieren oder just eng bestëmmten Zäit bleiwe wëllt, Dir braucht eng Assurance, fir alle Problemer wärend Ärem Openthalt aus dem Wee ze goen. Op dëser Säit fannt Dir en Iwwerbléck iwwer déi onëmgänglech Assuranceléisungen a -servicer, déi de Grupp LALUX Iech ubidde kann.

Lëtzebuerg besichen

Ob Dir an der Vakanz sidd oder Iech an d'Ausland deplacéiert, de Risiko vu Krankheet oder engem Accident reest leider ëmmer mat.

Gutt, wann ee sech op d'Reesversécherung mat weltwäitem Versécherungsschutz vun DKV Luxembourg verloosse kann.

Lalux Document Img Alt

Versécherunge fir Expats

Sidd Dir grad op Lëtzebuerg geplënnert? Fannt alles wat Dir wësse musst iwwer d'Versécherungen am Grand-Duché.

4. Gutt ze wëssen

Als neie Matbierger zu Lëtzebuerg kënnt Dir vun eiser spezieller Offer fir Expats profitéieren: Mir schenken Iech d'Home-Assistance-Garantie wärend engem Joer a ginn Iech 10 % Reduktioun op der éischter Joresprimm!

5. All Infos an engem Video

D'Noémie Comelli vum Service Kommunikation a Marketing vum Grupp LALUX presentéiert déi wichtegst Assurancen, déi ee brauch wann een op Lëtzebuerg wunne kënnt. 

Home Assistance

Eng séier Hëllef am Schuedens- oder Noutfall doheem

Loosst Iech am Noutfall vu Fachleit hëllefen. 
Mat eisem 24/7-Pannendéngscht sidd Dir sécher, datt e spezialiséierten Handwierker séier op der Plaz ass: Schlësseldéngscht, Sanitärinstallateur, Heizungsinstallateur oder Elektriker. Home Assistance gräift esouguer och no engem versécherte Schued, wann Är Kanner musse versuergt ginn oder Äert Doheem iwwerwaacht soll ginn.

Entdeckt d'Garantie Home Assistance