Vertraut Är Gesondheet engem Spezialist un D'Krankeversécherunge vun DKV Luxembourg

Zousazkrankeversécherung

Zousazkrankeversécherung

Déi privat Krankeversécherunge vun DKV Luxembourg bidden Iech déi bescht medezinesch Leeschtungen, fir datt Dir am Fall vun enger Krankheet optimal ofgeséchert sidd. Ob ambulant Behandlungen, Openthalter am Spidol oder Behandlungen un den Zänn oder Aen, déi héich Remboursementer vun DKV Luxembourg sprangen do an, wou déi obligatoresch Krankekeess (CNS) medezinesch Käschten net integral oder guer net iwwerhëlt.

DKV Luxembourg ass zanter 1981 am Grand-Duché present an ass haut de Leader um Maart vun der privater Krankeversécherung. De Grupp LALUX huet d'Mark am Joer 2015 iwwerholl a konnt doduerch seng eege Positioun um Maart stäerken. Déi breet Gamm u Produite fir Privatclienten a fir Geschäftsclientë geet vun der Krankenzousazversécherungen an d'Assurance fir Akommesabousse bis zur Vollversécherung – souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland.

DKV Luxembourg ass Äre Gesondheetsspezialist am Grupp LALUX.

Entdeckt déi komplett Offer!

Wat ass eng Zousazkrankeversécherung?

Zu Lëtzebuerg baséiert de Gesondheetsschutz op zwee Pilieren : der gesetzlecher Versécherung, déi vun der Caisse Nationale de Santé (CNS) geréiert gëtt, an de privaten Zousazkrankeversécherungen.

D’CNS ass en obligatoresche Regimm, deen iwwer d’Sozialbäiträg finanzéiert gëtt, an dee fir all déi Affiliéiert d’Käschten am Zesummenhang mat Krankheet, Maternitéit a Preventioun ofdeckt. Dës Käschte ginn allerdéngs dacks nëmmen deelweis rembourséiert.

Vill Assuréen entscheede sech deemno fir eng Zousazkrankeversécherung, déi aspréngt, wann d’CNS d’Käschten net oder net ganz iwwerhëlt.

  CNS Privat Krankeversécherung
Zort vun Ofsécherung Obligatoresch, Basisofsécherung Fakultativ, Zousaz- oder Vollversécherung
Remboursementer Deelweis, no engem festgeluechten Tarif Héich, bis zu 100 % vun den tatsächleche Käschten
Ofgedeckt Leeschtungen Allgemeng Behandlungen a Basishospitalisatioun Erweidert Leeschtungen: Aen, Zänn, alternativ Medezin, ...
Choix & Confort Limitéiert (z. B. gedeelt Zëmmer, konventionéiert Dokteren) Grousse Choix un Etablissementer, Eenzelzëmmer
Zousätzlech Déngschter Net abegraff Tele-Consultatioun, Gesondheetsberodung, …

Firwat sollt een eng Zousazkrankeversécherung ofschléissen?

D’CNS deckt zwar e Grondremboursement of, verschidde Poste ginn awer nëmme wéineg oder guer net rembourséiert: Zännprotheesen, Brëller, alternativ Medezin oder Behandlungen am Ausland.

Bei enger Hospitalisatioun oder opwändege Behandlunge kann d’Differenz tëschent den tatsächleche Käschten an de rembourséierte Beträg bei Honnerten, wann net esouguer Dausende vun Euro leien.

Mat enger passender Zousazkrankeversécherung kënnt Dir Äre Kapp a Rou leeën a kritt vereinfachten Zougang zu deene beschte Gesondheetsleeschtunge mat engem limitéierte finanziellen Impakt.

Wat deckt eng Zousazkrankeversécherung zu Lëtzebuerg of?

D’ Zousazkrankeversécherung vun DKV Luxembourg bidden eng breet Ofsécherung, déi wäit iwwer d’Limitte vun der CNS erausgeet.

Jee no gewielter Offer kënne si déi follgend Leeschtungen iwwerhuelen :

  • Erweidert Hospitalisatioun: Eenzelzëmmer, Begleetpersoun, fräie Choix vum Etablissement zu Lëtzebuerg, an de Benelux-Länner an an der EU
  • Ambulant Behandlungen (Consultatiounen, Analysen, Spezialisten)
  • Behandlungen un den Zänn (Protheesen, Orthodontie) an un den Aen (Brëller, Kontaktlënsen, Laserchirurgie)
  • Exklusiv Déngschter ewéi d’BEST CARE⁺ -Assistance

DKV Luxembourg ass zanter 1981 am Grand-Duché present an ass haut de Leader um Marché vun der privater Krankeversécherung. De Grupp LALUX huet d’Mark 2015 iwwerholl a konnt doduerch seng Positioun um Marché stäerken. Déi breet Gamm vu Produite fir Privatpersounen a fir Geschäftsleit geet vun der Vollversécherung bis zu Zousazversécherungen an Assurancë géint Akommesaboussen – zu Lëtzebuerg  genee ewéi am Ausland.

Aktuelles vun eiser Krankeversécherung

EASIFY YOUR HEALTH

Mat EASY HEALTH musst Dir Iech keng Suerge méi ëm d'Käschte fir en neie Brëll, eng Laseroperatioun vun den Aen, Behandlunge vun den Zänn an nach vill aner Saache maachen. A fir Iech d'Liewen nach méi einfach ze maachen, hu mir d'Leeschtunge vum Produit EASY HEALTH nach erweidert an den exklusive Service BEST CARE⁺ gratis integréiert. Dëse Service garantéiert Iech direkt Hëllef am Fall vun enger schwéierer Krankheet an ëmfaasst d'Krankeversécherung fir Auslandsreesen TRAVEL⁺.