Home Assistance

E Schued oder eng Pann?

Iwwerloosst dat eise Fachleit an eisem eenzegaartegen Assistance Service.
Eng eenzeg Telefonsnummer steet Iech ronderëm d'Auer, 7 Deeg op 7 zur Verfügung!

1) Assistance

  • Iech ass de Schlëssel am Schlëssellach ofgebrach?
  • Är Heizung ass futti?
  • Är Toilette ass verstoppt?
  • Bei Ärer Wäschmaschinn leeft Waasser eraus?
  • Äre Frigo ass futti?
  • Är Garagepaart ass blockéiert?
  • Dir hutt en Harespelsnascht doheem?

An all dëse Fäll organiséiert an iwwerhëlt LALUX de Pannendéngscht a partizipéiert bei den Ersatzstécker!

2) Interventioun no engem versécherte Schued

  • Zeréckbezuele vun Ärem Immobilieprêt, wann déi beschiedegt Wunneng net méi bewunnbar ass (wärend 12 Méint a maximal 20 000€)
  • Iwwerwaachung vun der beschiedegter Wunneng (wärend 72 Stonnen)
  • Hëllef bei der Ënnerbrengung, wann déi beschiedegt Wunneng net méi bewunnbar ass
  • Betreiung vu Kanner an hëllefsbedürftege Leit
  • Betreiung vun Hausdéieren
  • Ofsécherung an Zoumaache vun der Wunneng duerch en Handwierker

3) Renseignementer um Telefon

  • iwwer Spideeler
  • iwwer Dokteren, déi Garde hunn
  • iwwer Apdikten, déi Garde hunn
  • Vermëttlung vun Handwierker

easyPROTECT Haus a Wunneng

Devis ufroen