D'Experte schwetzen : Informatiounsvideoe vum Grupp LALUX #LALUXOfficeTalk & #LALUXShorts

D'Videoen entdecken

Profitéiert vun der Expertise vun eisen Agenten a Mataarbechter vum Grupp LALUX: an dëser neier Serie vu Videoen deele Spezialisten Tipps, Rotschléi a praktesch Erklärunge mat Iech. 

Dëse Projet soll d'Kompetenze vu LALUX op eng authentesch Manéier ënnersträichen. Dës Videoe beschäftege sech mat verschidden Themen am Zesummenhang mat Versécherungen am Allgemengen, LALUX Produiten a gi praktesch an nëtzlech Rotschléi. D'Videoe ginn och op de verschidde sozialen Netzwierker (Facebook, Youtube, LinkedIn) publizéiert. 

#LALUXShorts

Dat Wesentlecht, kuerz a knapp

EASY HEALTH

De Julien Thomas, LALUX an DKV Agent, stellt d'Virdeeler vun der Zousazkrankeversécherung EASY HEALTH vir. 

easyAPP & easyAPP Home

De Ralph Zeimet, Responsable vum Marketing Digital vum Grupp LALUX, presentéiert d'Virdeeler vun der mobiler Applikatioun easyAPP a vum neie Clientsberäich easyAPP Home.

Reesversécherungen

De Markus Mertens, LALUX an DKV Agent, erkläert wisou eng gutt Reesversécherung esou wichteg ass. 

easyPROTECT Discover

Den Yves Braconnier, LALUX an DKV Agent, erkläert wisou easyPROTECT Disover déi optimal Versécherungsléisung fir Studenten ass.

 

DKV Remboursementer an der easyAPP

De Meris Ramdedovic, LALUX an DKV Agent, erkläert Iech wéi Dir Är Remboursementer direkt an der easyAPP kënnt ufroen, wann Dir eng Krankeversécherung vun DKV Luxembourg hutt. Hien erkläert ausserdeem vu wéiengen aneren digitale Servicer Dir als Client vum Grupp LALUX profitéiere kënnt. 

Dem Agent seng Roll

De Germain Delagardelle, LALUX an DKV Agent, presentéiert déi wichteg Roll vun de LALUX Agenten. Si stinn Iech zur Säit fir Iech an all Äre Froe ronderëm d'Versécherungen ze hëllefen an ze guidéieren. Fannt och Dir Ären Agent vum Vertrauen an Ärer Géigend.

De Service Panne

D'Michèle Mossong, Conseiller Corporate am Grupp LALUX, stellt Iech d'Virdeeler vun der neier Garantie Panne vir, déi elo an Ärem easyPROTECT Auto Kontrakt mat abegraff ass. LALUX mecht alles, datt Dir mobil bleift!

Sech an der easyAPP umellen

De Jonathan Pflumio vum Departement Informatique, guidéiert Iech duerch d'Etappen vun der Connexioun an der easyAPP, der mobiler App vum Grupp LALUX, an easyAPP Home, dem online Clientsberäich op Ärem Computer oder Tablet. 

lalux.lu elo op 5 Sproochen

D'Alice Machado, vum Service Commercial, annoncéiert, dass lalux.lu elo deen éischten Assurancë-Site ass, dee komplett op deene 5 meeschtgeschwate Sproochen zu Lëtzebuerg verfügbar ass: Franzéisch, Däitsch, Englesch, an elo och Lëtzebuergesch a Portugiesesch. 

Päerdsversécherungen

D'Barbara Tunkl vum Departement Etudes et Support Commercial, gëtt Iech en Iwwerbléck iwwer nëtzlech Versécherung fir Äert Päerd am beschten ze schützen. Eenzegaarteg zu Lëtzebuerg, entdeckt Päerdsversécherung an Zesummenaarbecht mat R+V, Vereinigte Tierversicherungen.

Steiercertificat an der easyAPP

De Gérald Randrianarison vum Departement Informatique, erkläert Iech Schrëtt fir Schrëtt, wéi Dir Äre Steiercertificat fir Är LALUX an DKV Versécherungen an der easyAPP kënnt eroflueden.

easyLIFE Invest for Future

De Laurent Terrens, LALUX Agent, erkläert Iech wéi Dir Är Dreem kënnt verwierklechen an zur Schafung vun enger besserer Zukunft kënnt bäidroen! easyLIFE Invest for Future ass en Investissement Produit wou Äert Kapital op eng responsabel Aart a Weis investéiert gëtt, zertifizéiert duerch de Label ESG-Insurance Product vu LuxFLAG.

Reschtscholdversécherung

D'Anahita Samieyan an de Luca Agosta, Actuairë bei der LALUX-VIE, erkläere fir wat eng Reschtscholdversécherung néideg ass a wéi dës funktionnéiert.

Assurancë fir de Bau

De Felix Schmit vum Service Gestion Générale erkläert Iech dat Wichtegst vun der APROBAT Assurance Tous Risques Chantier, sou dass Dir Iech optimal ofséchere kënnt éier Dir ee Bau- oder Renovatiounsprojet ufänkt.

Time2Lease

De Joé Schmit, LALUX Agent, stellt Iech déi nei Leasing Méiglechkeet vir, déi vun de LALUX Agenten an Zesummenaarbescht mat hir Partner ubidden.

easyPROTECT Haus a Wunneng

Dominique De Sousa,LALUX Agentin, präsentéiert Iech d'Virdeeler vun enger Wunnengversécherung, déi sech perfekt un Iech, Är Besoinen an Äre Liewensstil upasst. 

Geräter fir nohalteg Energie

De Sylvain Gregorius aus dem Departement Commercial erkläert Iech, wéi Dir Är Geräter fir erneierbar Energie hirzestellen beschtens ofséchere kënnt, sou dass Dir am Fall vun engem Schued ideal indemniséiert gitt.

Multimedia Package

Patrick Wampach, LALUX an DKV Luxembourg Agent, erkläert Iech wéi Dir mat easyPROTECT Haus a Wunneng Är Multimedia-Geräter (Smartphone, Tablet, Computer...) a Museksinstrumenter am beschte schütze kënnt. 

Package Reesen

Den Alan Meneses, LALUX Agent,erkläert Iech, wisou eng Reesversécherung onerlässlech ass a wéi dës Iech am Fall vun Annulatioun, Krankheet oder Gepäckverloscht ënnert d'Äerm gräift. Gitt kee Risiko an a genéisst Är Vakanz!

D'Responsabilité Social des Entreprises (RSE) vu LALUX

D'Noelle Gerin, Responsabel fir nohalteg Entwécklung, presentéiert d'RSE-Strategie vum Grupp a LALUX an déi konkret Mesuren, déi an deem Kader schonn ënnerholl goufen.

Eis RSE-Strategie

LALUX huet hir RSE-Strategie ronderëm 5 grouss Thematiken definéiert ëm déi sech all eis zukünfteg Aktioune wäerten dréinen.

Eisen ekologesche Foussofdrock minimiséieren

Fir zur nohalteger Entwécklung an dem Schutz vun der Ëmwelt bäizedroen, huet LALUX en Rei Ännerungen un hirem Gebai gemaach. Weider konkret Moossname wäerten och an Zukunft nach ëmgesat ginn.

Wuelbefannen op der Aarbecht

Mat der Iwwerzeegung, datt eng d'Erreeche vun Exzellenz virun allem erfuerdert, sech gutt ëm seng Mataarbechter ze këmmeren, fërdert LALUX d'Entwécklung vun engem agreablen a gesonden Aarbechtsëmfeld, dat "Work-Life Balance" respektéiert. 

#LALUXOfficeTalk

All d'Infos an engem Video

Versécherunge fir Expats

D'Noémie Comelli vum Service Kommunikatioun a Marketing vum Grupp LALUX stellt déi wesentlech Versécherunge vir, déi Iech nëtzlech si wann Dir op Lëtzbuerg plënnert. 

easyPROTECT Auto

De Ronny Schmit vum Departement Commercial vum Grupp LALUX mécht mat Iech den Tour vun den Assurancë fir Gefier a Chauffer

easyLIFE Pension

De Jérôme Wiwinius, Responsable Corporate vum Departement Commercial, presentéiert d'Zousazpensiounsversécherunge vu LALUX. 

lalux-Safe Future

De Charel Gaul, LALUX an DKV Agent, stellt Iech lalux-Safe Future vir, e Pensiounsplang, dee speziell fir Selbststänneger a Fräiberuffler entwéckelt gouf. 

Versécherunge fir Kanner

D'Susana Soares, LALUX an DKV Agentin, mécht mat Iech den Tour vun de wichtegste Versécherungen, dass Är Kanner beschtens geschützt sinn

Steierlech ofsetzbar Versécherungen

De Steve Vanacker, Responsable vun den Agente-Reseauen, mécht mat Iech den Tour vun alle steierlech ofsetzbare Versécherungen, déi Dir an Ärer Steiererklärung kënnt uginn.

Versécherunge fir professionell Clienten

Den Alain Biren, LALUX an DKV Agent, mecht mat Iech den Tour vun de wichtegste Versécherunge fir Är berufflech Aktivitéit ofzesécheren. Iwwerloosst de Schutz vun Ärem Betrib net dem Zoufall! 

lalux-Staff Protect : Zousazpensiounsversécherung

De Marc Klein, Responsable Corporate Agent/Groupe vum Département Commercial, erkläert d'Virdeeler vun enger Zousazpensiounsversécherung, ob fir den Employeur oder de Mataarbechter.

Betriiblech Krankeversécherung

De Stephan Breidbach, Responsable Adjoint Corporate vum Departement Commercial, erkläert wéi eng Entreprise sech als attraktiven Employeur positionnéiert, andeems si sech fir déi betriiblech Krankeversécherung COMPANY entscheed, fir laangfristeg loyal Mataarbechter ze bannen. 

Ee Constat d’accident ausfëllen

De Marc Sprenger, Inspekter am Service Indemnisatioun, erkläert Iech wisou et wichteg ass am Viraus ze wësse wéi ee säi Constat d’accident richteg ausfëllt, well am Fall vun engem Accident huelen d’Emotiounen oft d’Iwwerhand.

easyLIFE Prévoyance

De Perry Resl, Fondé de Pouvoir bei LALUX-Vie, erkläert Iech, wéi Dir am beschten d'Versécherungszomm vun Ärer Liewensversécherung, wéi zum Beispill easylIFE Prévoyance, festleet. 

D'Beneficiairen an der Liewensversécherung

De Choix vun de Beneficiairen a senger Liewensversécherung ass oft mat enger héijer emotionaler Charge verbonnen. Entdeckt am Yoan Thiry, Responsable Vie collective ULK bei LALUX-VIE, d'Rotschléi fir beschtens seng Beneficiairen ze wielen fir z'evitéiere fir seng Léifst an onbequeem Situatiounen ze bréngen. 

Evaluatioun vun Ärem Mobilier

D'Fatima Nuno-Pagaimo, professionell LALUX Agentin, erkläert Iech firwat et esou wichteg ass reegelméisseg Äre Mobilier z'evaluéieren a wéi Dir dat am beschte maacht fir eng Ënnerversécherung ze vermeiden. 

Nach méi Videoen?

Entdeckt d'Mediathéik

Wëllt Dir all déi lescht LALUX Videoen a Reklamme kucken? D'Mediathéik rassembléiert déi lescht Kreatiounen. 

Mediathéik