easyPROTECT Haus a Wunneng
easyPROTECT Haus a Wunneng
Devis ufroeneasyPROTECT Haus a Wunneng ass eng Multirisk-Hausversécherung, déi sech un Är Besoinen an Ufuerderungen upasst an Iech d'Liewe méi einfach mécht.
Méi flexibel, gëtt easyPROTECT Haus a Wunneng den Erwaardunge vu jidderengem gerecht. Dir wëllt eng Assurance à la carte mat villen Optiounen zur Auswiel? Dir hätt léiwer eng All-inclusive-Formule? Béides ass méiglech.
Ob Dir an Ärem eegenen oder an engem gelountenen Haus oder Appartement wunnt, easyPROTECT Haus a Wunneng bitt Iech en ëmfaassende Versécherungsschutz, dee sech perfekt un Äre Liewensstil upasst.
Personaliséiert Äre Versécherungskontrakt a schützt Äert Doheem a seng Dependancë géint all Zorte vu Schied, ouni onerwaart Käschten.
E komplette Schutz géint Schied duerch schlecht Wieder
D'Garantie Stuerm, Knëppelsteng, Tornado, Äerdbiewen ass an der Formule Sécurité dran.
Mat der Zousazgarantie Klimagefore sidd Dir optimal géint Naturkatastrophe wéi Iwwerschwemmungen, Réckstau oder Iwwerlafe vun der Kanalisatioun, genee ewéi den Uewerflächenoffloss oder d'Usammele vu Reewaasser verséchert.
Multimedia- an digitaalt Material a Museksinstrumenter
Mat dësem Package kënnt Dir Äert informatescht, audiovisuellt, Haushalts-, Alarm- an Domotikmaterial géint Broch an Déifstall doheem a weltwäit am Fall vu portabele Geräter versécheren. Dank dem Wäertgéigestänn Package ginn all dëst Material bis zu 5 Joer an der Héicht vum Neiwäert entschiedegt.
Är perséinlech Géigestänn weltwäit verséchert
Är perséinlech a Fräizäitgéigestänn kënne weltwäit verséchert ginn. Är Géigestänn si géint materiell Schied opgrond vun engem Accident, géint Déifstall, Brand oder och nach Waasserschied verséchert.
Sou sinn Är Sport- a Fräizäitausrüstungen (Golfschléier, Schimaterial asw.) esouguer an der Vakanz geschützt!
Fannt Är ideal Hausversécherung!
Äntwert op d'Froen an entdeckt wéi eng Formule am beschte bei Äert Doheem passt.
Produkter déi Iech passen

easyPROTECT Haus a Wunneng
Performance
Confort
Sécurité
Package Schwämm
Package Erneierbar Energien
Package Vëlo an duuss Mobilitéit
Package Wäertgéigestänn
Package Reesen
Package net do wunnende Koproprietär
Familljenhaftflicht
Integrale Familljerechtsschutz
Home Assistance
- Optioun
Bausseberäicher
- Optioun
Gaart
- Optioun
Multimedia-Geräter
- Optioun
Museksinstrumenter
- Optioun
Sportmaterial
- Optioun
Entschiedegung um Neiwäert
- Optioun
Déifstall an Eegentumsschied
- Optioun
Klimarisiken
- Optioun
Neibau no de aktuelle Normen









