D’Qualitéit vum Service bei LALUX Eisen Engagement fir d’Zefriddenheet vun eise Clienten

Entdecken

Eng optimal Clientsexperienz am Fokus vun eisem Engagement

Fir LALUX steet zënter 1920 d’Proximitéit zu de Clienten, d’Vertrauen an d’Qualitéit vum Service am Mëttelpunkt vun eiser Relatioun mam Client. Eist Zil ass och haut nach ëmmer, Iech en exzellente Service unzebidden an Är Zefriddenheet zu eiser ieweschter Prioritéit ze maachen.

Eis Mataarbechter hunn en oppent Ouer fir Är Besoinen a setze sech all Dag dofir an, Iech opmierksam, reaktiv a professionell ze begleeden. En Usproch, dee vum ganze Grupp LALUX — LALUX Assurances, LALUX-Vie, APROBAT an DKV Luxembourg — gedeelt gëtt, fir eng nohalteg Relatioun opzebauen, déi op Vertraue baséiert.

Eng Service-Qualitéit, déi eis Cliente schätzen

LALUX Leader an der Clientszefriddenheet

laut der ILRES-Ëmfro 2026 (NPS Score)

Méi wéi 8 vun 10 Clientë recommandéiere LALUX

laut der ILRES-Ëmfro 2026

99% de nos clients recommandent la gestion de sinistre de LALUX (enquête réalisée après sinistre)

laut enger interner Ëmfro no de Schied

97 % vun de Clientë si mat LALUX zefridden

laut den Ëmfroen no engem Schued.

En zouverlässegen, mënschlechen an effikasse Partner

 

De Clientë vu LALUX no sinn déi wichtegst Stäerkten:

  • Eng unerkannt Expertis an Agenten, déi engem nolauschteren: kompetent an disponibel Agenten, déi alles dru setzen, fir mat enger mënschlecher a personaliséierter Approche Är Erwaardungen ze erfëllen.
  • Eng Assurance, déi Iech an alle Situatiounen zur Säit steet: zouverlässeg a konstant Begleedung, eng berouegend Präsenz, wann Dir se braucht.
  • Eng fléissend, einfach an intuitiv Clientsexperienz: vereinfacht Demarchen a benotzerfrëndlech Tools, fir Iech Är deeglech Interaktioune mat LALUX ze erliichteren.
  • E gewëssenhafte Suivi an eng effikass Gestioun vu Schied: eng séier an transparent Ofwécklung vun den Dossieren, déi eng konkreet Léisung vun Ären Demandë garantéiert.

 

Méi iwwer d’Roll vun den Agente gewuer ginn
Smartphone affichant “lalux” – suivi personnalisé de l’assurance

Déi wichtegst Atoute bei der Gestioun vun de Schied

 

D’Stäerkte vun den Indemnisatiounsprozeduren aus der Siicht vun de LALUX-Clienten:

  • Transparente Suivi vum Stand vun Ärem Dossier, deen an Echtzäit iwwer d’mobil Applikatioun easyAPP oder de Clientsberäich easyAPP Home zougänglech ass
  • Assistance, Suivi a Berodung duerch Ären Agent: e perséinlechen Uspriechpartner, deen Iech duerch déi ganz Prozedur guidéiert.
  • Frëndlechkeet vum Gestionnaire vun Ärem Schued: héiflech an empathesch Echangë fir eng entspaant Betreiung.
  • Organisatioun vun de Reparaturen oder vun enger alternativer Léisung: D’Prise en charge gëtt séier vun Ärem Gestionnaire accordéiert, fir datt Dir esou mann ewéi méiglech ageschränkt sidd.
  • Allgemeng séier Ofwécklung vun de Schied.

 

easyAPP entdecken

Dir sidd grad op Lëtzebuerg geplënnert?

Besicht eis speziell Säit, op där Dir eis Versécherungsléisungen a praktesch Tipps fir nei Awunner an Expats entdecke kënnt.