Ären Agent ëmmer un Ärer Säit LALUX easyAPP & easyAPP Home
Méi dozou...

easyAPP

Ären Agent ëmmer un Ärer Säit!

LALUX easyAPP ass elo esouwuel eng mobil Applikatioun (iOS, Android) wéi och e Clientsberäich, deen iwwer Computer an Tablett zougänglech ass, ouni eng extra App erofzelueden. 

Mat easyAPP, der mobiler Applikatioun an easyAPP Home, dem Clientsberäich vum Grupp LALUX, ass d'Gestioun vun Ären Assurancen elo nach méi einfach: consultéiert all Är Schued- , Haftflicht-, Liewens- a Gesondheetsversécherungskontrakter op enger an därselwechter Plaz, egal wou egal wéini. 

Profitéiert vun enger breeder Gamm vun digitale Servicer, wéi de Remboursement vu Gesondheetskäschten ufroen, Schied mellen, Är perséinlech Donnéeën änneren oder Dokumenter, wéi Steiercertificaten an Attestatiounen ufroen, woubäi de privilegiéierte Kontakt mat Ärem Agent natierlech bestoe bleift.

Virdeeler

Ronderëm d'Auer verfügbar

Profitéiert vun engem einfachen a séieren Zougang zu ville Versécherungsdéngschtleeschtungen, déi Iech vun doheem aus oder weltwäit a ronderëm d'Auer zur Verfügung stinn.

Séier Hëllef

Bei engem Noutfall kënnt Dir séier an effikass gehollef kréien, andeem Dir déi verschidden Assistance-Servicer direkt iwwer Är easyAPP urufft: Home Assistance, Top Assistance oder d'medezinesch Assistance vun DKV Luxembourg.

Remboursement vun Dokteschkäschten

Profitéiert vum Fachwësse vum DKV Luxembourg-Gesondheetsexpert an Ärer easyAPP: Frot de Remboursement vun Ären Dokteschkäschten un, reecht Devise fir Behandlunge beim Zänndokter an oder frot eng Prise en charge fir Äre Spidolsopenthalt un.

Schied mellen

Mellt Schied an Ärer Wunneng oder um Auto (mat oder ouni Drëttpersounen) online a setzt Fotoe vun de Schied derbäi. Consultéiert den Detail vun de Schied a suivéiert hir Ofwécklung an Echtzäit.

All Är wichteg Dokumenter zentraliséiert

Consultéiert Är Steiercertificaten an Är Versécherungsdokumenter, z. B. déi Allgemeng oder Speziell Versécherungsbedéngungen, direkt an Ärer easyAPP oder frot Är Assuranceattestatioune mat e puer Klicken un.

Mat Ärem Agent a Verbindung setzen

Profitéiert vun engem zousätzleche Kommunikatiounskanal mat Ärem LALUX- an/oder DKV-Agent: Kontaktéiert e per E-Mail oder Telefon, geolokaliséiert seng Agence oder maacht direkt e Rendez-vous aus.

Eng Garantie bäisetzen

Notzer kënnen an 2 Klicks hirem Kontrakt eng nach net verséchert Garantie bäisetzen an esou hire Versécherungsschutz optimiséieren. (Nei bei easyAPP Home)

E Schued vervollstännegen

Notzer kënnen och nodeems e Schued gemellt gouf, weider Informaiounen (Fotoen, Deviser, PV,…) mat LALUX deelen. (Nei bei easyAPP Home)

Suivi a Bezuele vu Rechnungen

Nieft dem Suivi vun de Rechnunge vum Grupp LALUX kënnen d'Notzer hir oppe Rechnungen an e puer Mausklicks bezuelen. (Nei bei easyAPP Home)

E virausgefëllte Constat bestellen

Et ass elo méiglech iwwer easyAPP fir all verséchert Gefier e Constat ze bestellen, dee scho mat Äre perséinlechen Donnéeën ausgefëllt ass. (Nei bei easyAPP Home)

Informatiounsvideoen

easyAPP & easyAPP Home

DKV Remboursementer

Sech umellen

Steiercertificat an der easyAPP

Consultéiert d'FAQen iwwer easyAPP, déi nei mobil App vum Grupp LALUX, an entdeckt, wéi Dir Äre Kont kreéiert, wéi een an der App navigéiert, wéi eng Informatiounen ugewise kënne ginn, wéi eng Funktionalitéiten an Zukunft wäerten derbäikommen asw.

FAQ LALUX easyAPP

Eng Fro zu der mobiler App easyAPP?

Consultéiert d'FAQen iwwer den neie Clientsberäich vum Grupp LALUX an entdeckt, wéi Dir Äre Kont kreéiert, wéi een doduerch navigéiert, wéi eng Informatiounen ugewise kënne ginn, wéi eng Funktionalitéiten an Zukunft wäerten derbäikommen asw.

FAQ easyAPP Home

Eng Fro zum Clientsberäich easyAPP Home?

Fir wien ass d'easyApp?

D'LALUX easyAPP ass e praktescht digitaalt Tool a Form vun enger mobiller App (iOS an Android), déi sech un all déi besteeënd Privatclientë vum Grupp LALUX riicht an hinnen erlaabt, déi follgend Typpe vu Garantien ze visualiséieren:
 

  1. Schuedversécherungen (Auto, Wunnen, perséinlech Géigestänn asw.)
  2. Haftflichtversécherungen (Familljenhaftflicht, Rechtsschutz, Beruffshaftflicht)
  3. Onfallversécherungen (mat Entschiedegung oder Forfait)
  4. Reesversécherungen (fir d'ganzt Joer oder punktuell, Assistance-Servicer)
  5. Gesondheetsversécherunge bei DKV Luxembourg (Zousazversécherung, integral, Krankeversécherung fir Auslandsreesen)
  6. Liewensversécherungen (Pensioun, Virsuerg, Investissement, Reschtschold)

Firwat easyAPP Home?

easyAPP Home ass den neie Clientsberäich vum Grupp LALUX, dee lalux for you ersetzt. Baséiert um Konzept vun easyAPP gouf dëse Clientsberäich optimiséiert fir um Computer, um Büro oder doheem benotzt ze ginn.

Am Verglach zu lalux for you ginn et 3 Haaptvirdeeler:

  1. Dir braucht keen Identifiant méi an Dir sidd autonom an der Umeldungsprozedur (Dir braucht net méi op e Bréif vu LALUX ze waarden)
  2. Wann Dir Iech ugemellt hutt, kënnt Dir dee selwechte Kont (an déi selwecht Login-Donnéeën) benitze fir Iech op der mobiler App easyAPP an dem Clientsberäich easyAPP Home anzeloggen.
  3. Dir kënnt all Är Versécherungskontrakter op enger Plaz consultéieren: Schued-, Haftflicht-, Liewens- a Krankeversécherung (DKV)


Den Zougang zu easyAPP Home ass iwwer eng sécher Websäit ënnert der Adress https://easyAPPHome.lalux.lu zougänglech, ouni eng extra Applikatioun erofzelueden.

Dank sengem responsive Design ass et och méiglech sech mat easyAPP Home um Smartphone an um Tablet ze verbannen. 

Sech umellen

Wéi identifizéiert ee sech?

… op easyAPP an easyAPP Home

Nodeem Dir d'easyAPP am App Store oder op Google Play erofgelueden hutt, musst Dir obligatoresch e Kont ariichten, d. h., Iech „aschreiwen”, fir datt de Grupp LALUX Iech als Client identifizéiere kann.

Et ass wichteg ze wëssen, datt d'easyAPP an easyAPP Home net mat Ärem lalux for you-Kont verbonne sinn! Dir kënnt Ären Identifiant oder Äert Passwuert vu lalux for you net benotzen, fir Iech anzeloggen. All Client muss sech obligatoresch fir d'éischt umellen (uewe riets um Login-Bildschierm).

Hei sinn déi verschidden Etappe vun der Umeldungsprozedur:

  1. Gitt eng gülteg E-Mail-Adress un
  2. Gitt Är LALUX-Clientsnummer, Är DKV-Clientsnummer oder Är DKV-Versécherungsnummer un
  3. Iwwerpréift oder gitt Är Handysnummer un
  4. Leet e personaliséiert Passwuert fest


Virdeel vun der mobiler App easyAPP: fir Är Usererfarung ze optiméieren, rode mir Iech, d'biometresch Erkennung (Face ID oder Touch ID, fir den Zougang zu Ärer easyAPP ze vereinfachen) an d'Push-Noriichten ze aktivéieren (Dir kritt nëmmen Informatiounen iwwer Är Assurancekontrakter: Stand an Traitementsfortschrëtt vun Äre Schied an Demandë fir Remboursementer, Erstelle vun neien Dokumenter, Ännerung vun Äre perséinlechen Donnéeën asw.)