Fir all Zil eng passend Léisung D'Liewensversécherunge vu LALUX

Liewensversécherungen

Liewensversécherungen

Liewensversécherunge sinn en ideale Schutz géint ongeplangten Evenementer am Liewen. Si bidde gëeegent Léisungen, fir Är Famill ze schützen, Äert Kapital ze entwéckelen, Är Pensioun virzebereeden oder Ären Immobiliekredit ofzesécheren. Mir bidden Iech eng breet Gamm u Varianten, déi op Är Besoinen, Är finanziell Verhältnisser an Är familiär Situatioun zougeschnidde sinn.
 

Qu’est-ce qu’un contrat d’assurance vie ?

E Liewensversécherungskontrakt ass en Engagement tëschent engem Souscripteur an enger Assurancëgesellschaft, deen drop ausgeriicht ass, e Kapital oder eng Rent un een oder e puer Beneficiairen auszebezuelen, sief et um Enn vum Kontrakt oder am Fall vum Doud vum Versécherten. Jee no de Besoinen, déi de Preneur d’assurance festgeluecht huet, kann op déi Manéier finanziell Ofsécherung mam Opbau vun engem Kapital kombinéiert ginn. 
Méi iwwer d’Liewensversécherung gewuer ginn

Firwat eng Liewensversécherung vu LALUX?

E Grupp vun Experte mat engem stabillen Aktionariat

De Grupp LALUX verfüügt iwwer eng laangjäreg Expertise am Beräich vun de Léisunge fir Liewensversécherungen. Säi stabilt Aktionariat, dat aus der Compagnie Financière LA LUXEMBOURGEOISE an der Spuerkeess besteet, bidden Iech maximal Sécherheet.

Profitéiert vu steierleche Virdeeler

De Lëtzebuerger Steiersystem erlaabt et, jee no gewieltem Kontrakt, interessant Beträg vun de Steieren ofzesetzen. Dem Artikel 111 L.I.R. no kënnen d’Primme vu Liewensversécherungen a Versécherunge géint Invaliditéit, Stierffall, Krankheet, Accident, Locatiounsrisiken an Haftflichtversécherungebis zu engem Betrag vu 672 € pro Joer a pro Member vum Stot ofgesat ginn.

Och déi eemoleg Primme vun der Reschtscholdversécherung kënne komplett ofgesat ginn, wann de Kontrakt sech op e Prêt fir den Haaptwunnsëtz bezitt. Doriwwer eraus kënnen op Basis vum Artikel 111bis L.I.R. ënner bestëmmte Bedéngungen a Bezuch op d’Lafzäit an den Alter bis zu 4. 500 € d’Joer fir Kontrakter fir d’Altersvirsuerg wéi easyLIFE Pension ofgesat ginn. Jee no Akommes kënne bis zu 45 % vun der investéierter Primm ofgezu ginn. 

Eng speziell Sécherheet vum Assurancësecteur

Investisseuren a Liewensversécherungsproduite sinn duerch déi lëtzebuergesch Reglementatioun besonnesch gutt geschützt.
D'Verméigenswäerter, déi mat Äre Kontrakter verbonne sinn, gi bei enger Banque dépositaire, déi d'Opsiichtsautoritéit vum Secteur, de Commissariat aux Assurances, auswielt, hannerluecht, a getrennt vun der Gesellschaft hiren eegene Verméigenswäerter geréiert. Am Fall vun engem Problem hutt Dir deemno, zesumme mat deenen aneren Investisseuren, Prioritéit fir d'Recuperatioun vun Ärem Verméigen.

LALUX - en exzellente Service

D'Ekippe vu LALUX si méisproocheg (Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch), héichqualifizéiert a verfügen iwwer eng confirméiert Expertise am Beräich vun de Liewensversécherungen.
LALUX ass déi gréisst Liewensversécherungsgesellschaft zu Lëtzebuerg a Leader am Beräich vun den Zousazpensiounsversécherunge fir Betriber. Iwwer 35.000 Mataarbechter aus ronn 2.000 Clientsentreprisë profitéieren esou vum komplette Versécherungsschutz vu lalux-Staff Protect.