Ären Agent ëmmer un Ärer Säit LALUX easyAPP Home
Méi dozou...

easyAPP Home

All d'Funktioune vun der easyAPP och um Computer!

LALUX easyAPP ass elo esouwuel eng mobil Applikatioun (iOS, Android) wéi och e Clientsberäich, deen iwwer Computer an Tablett zougänglech ass, ouni eng extra App erofzelueden.

Profitéiert vun den neie Funktioune vun easyAPP Home (Computer Versioun) zousätzlech zu de bestoende Funktioune vun der mobiler App: eng Garantie bäisetzen, en deklaréierte Schued versollstännegen, Rechnunge kucken a bezuelen oder e virausgefëllte Constat bestellen, a gläichzäiteg de Kontakt mat Ärem Agent halen. 

All d'Servicer, déi d'mobil App ubitt, ginn et natierlech och op easyAPP Home: Remboursement vun Dokteschkäschten, Schied mellen, perséinlech Donnéeën änneren oder Dokumenter wéi Steiercertificaten online kucken an eroflueden. 

Neiegkeet vun easyAPP Home

Eng Garantie bäisetzen

Notzer kënnen an 2 Klicks hirem Kontrakt eng nach net verséchert Garantie bäisetzen an esou hire Versécherungsschutz optimiséieren. (Nei bei easyAPP Home)

Suivi a Bezuele vu Rechnungen

Nieft dem Suivi vun de Rechnunge vum Grupp LALUX kënnen d'Notzer hir oppe Rechnungen an e puer Mausklicks bezuelen. (Nei bei easyAPP Home)

E Schued vervollstännegen

Notzer kënnen och nodeems e Schued gemellt gouf, weider Informaiounen (Fotoen, Deviser, PV,…) mat LALUX deelen. (Nei bei easyAPP Home)

E virausgefëllte Constat bestellen

Et ass elo méiglech iwwer easyAPP fir all verséchert Gefier e Constat ze bestellen, dee scho mat Äre perséinlechen Donnéeën ausgefëllt ass. (Nei bei easyAPP Home)

Aner Virdeeler

Ronderëm d'Auer verfügbar

Profitéiert vun engem einfachen a séieren Zougang zu ville Versécherungsdéngschtleeschtungen, déi Iech vun doheem aus oder weltwäit a ronderëm d'Auer zur Verfügung stinn.

Remboursement vun Dokteschkäschten

Profitéiert vum Fachwësse vum DKV Luxembourg-Gesondheetsexpert an Ärer easyAPP: Frot de Remboursement vun Ären Dokteschkäschten un, reecht Devise fir Behandlunge beim Zänndokter an oder frot eng Prise en charge fir Äre Spidolsopenthalt un.

All Är wichteg Dokumenter zentraliséiert

Consultéiert Är Steiercertificaten an Är Versécherungsdokumenter, z. B. déi Allgemeng oder Speziell Versécherungsbedéngungen, direkt an Ärer easyAPP oder frot Är Assuranceattestatioune mat e puer Klicken un.

Séier Hëllef

Bei engem Noutfall kënnt Dir séier an effikass gehollef kréien, andeem Dir déi verschidden Assistance-Servicer direkt iwwer Är easyAPP urufft: Home Assistance, Top Assistance oder d'medezinesch Assistance vun DKV Luxembourg.

Schied mellen

Mellt Schied an Ärer Wunneng oder um Auto (mat oder ouni Drëttpersounen) online a setzt Fotoe vun de Schied derbäi. Consultéiert den Detail vun de Schied a suivéiert hir Ofwécklung an Echtzäit.

Mat Ärem Agent a Verbindung setzen

Profitéiert vun engem zousätzleche Kommunikatiounskanal mat Ärem LALUX- an/oder DKV-Agent: Kontaktéiert e per E-Mail oder Telefon, geolokaliséiert seng Agence oder maacht direkt e Rendez-vous aus.

Consultéiert d'FAQen iwwer den neie Clientsberäichvum Grupp LALUX an entdeckt, wéi Dir Äre Kont kreéiert, wéi een doduerch navigéiert, wéi eng Informatiounen ugewise kënne ginn, wéi eng Funktionalitéiten an Zukunft wäerten derbäikommen asw.

FAQ easyAPP Home

Eng Fro zum Clientsbersäich easyAPP Home ?

Consultéiert d'FAQen iwwer easyAPP, déi nei mobil App vum Grupp LALUX, an entdeckt, wéi Dir Äre Kont kreéiert, wéi een an der App navigéiert, wéi eng Informatiounen ugewise kënne ginn, wéi eng Funktionalitéiten an Zukunft wäerten derbäikommen asw.

FAQ LALUX easyAPP

Eng Fro zu der mobiler App LALUX easyAPP?

Wéi kann ee sech op easyAPP Home umellen?

Als Notzer vun der easyAPP kënnt Dir Iech einfach mat de selwechten Umeldungsdonnéeën aloggen.