Méi wéi eng Versécherung, eng Astellung easyPROTECT Haus a Wunneng
Méi gewuer ginn

easyPROTECT Haus a Wunneng ass eng Multirisk-Hausversécherung, déi sech un Är Besoinen an Ufuerderungen upasst an Iech d'Liewe méi einfach mécht.

Immens flexibel, gëtt easyPROTECT Haus a Wunneng den Erwaardunge vu jidderengem gerecht. Fannt mam Guide fir Hausversécherungen déi Formule, déi am beschte bei Är Besoine passt a personaliséiert Äre Kontrakt mat just e puer Klicks fir Äert Doheem a seng Niewegebaier géint all Zorte vu Schied ze schützen, ouni onerwaart Käschten.

Fannt Är ideal Hausversécherung!

Äntwert op d'Froen an entdeckt wéi eng Formule am beschte bei Äert Doheem passt.

Wéi eng Zort Wunneng wëllt Dir versécheren?

Dir sidd:

Huet Är Wunneng follgend Ekipementer?

Hutt Dir speziell Saachen déi Dir wëllt schützen?

Reest Dir reegelméisseg?

Wéi eng Garantien schéngen Iech wichteg?

Eis Empfeelungen

easyPROTECT Haus a Wunneng

Vergewëssert Iech, dass Dir Är Familljenhaftflicht verséchert hutt Opgepasst, Dir sidd de Moment net géint Déifstall verséchert

easyPROTECT Haus a Wunneng

Devis ufroen

Spezifesch Packagen fir en individuelle Versécherungsschutz!

Hutt Dir eng Schwämm oder Solarpannoen? Fuert Dir mat engem E-Bike? Reest Dir gär? Entdeckt déi verschidde Packagen, déi Ärem Liewensstil entspriechen an déi Dir Ärer Hausversécherung bäifüge kënnt. A wat Dir méi Optioune wielt, wat de Präis méi gënschteg gëtt. 

easyPROTECT Haus a Wunneng

Devis ufroen

Méi dozou...

Familljenhaftflicht

Eng onverzichtbar Garantie

 

Och wann d'Garantie Familljenhaftflicht optional ass, gëtt se staark recommandéiert.
Dës Haftflicht kënnt nämlech fir Schied op, déi Dir bei Drëttpersoune verursaache kéint. Si deckt Äre ganze Stot of: Iech selwer, Äre Partner an d'Kanner, déi bei Iech liewen, genee ewéi Är Hausdéieren.

 

Méi dozou

Home Assistance

Séier Hëllef am Fall vun engem Schued oder enger Pann doheem

 

Loosst Iech am Noutfall vu Fachleit hëllefen.
Mat eisem 24/7-Pannendéngscht sidd Dir sécher, datt e spezialiséierten Handwierker séier op der Plaz ass: Schlësseldéngscht, Sanitärinstallateur, Heizungsinstallateur oder Elektriker. Home Assistance gräift esouguer och no engem versécherte Schued, wann Är Kanner musse versuergt ginn oder Äert Doheem iwwerwaacht soll ginn.

 

Entdeckt d'Garantie Home Assistance