Schützt Iech während Ärer Aktivitéit mat der Package Juegd
Package Juegd

Package Juegd

Op der Juegd sidd Dir, Är Hënn an Äert Gewier ville Geforen ausgesat. Dofir ass et niewent Ärer obligatorescher Juegdhaftflicht immens wichteg, eng speziell Assurance ofzeschléissen.

Virdeeler

Juegdhaftflicht

D'Juegdhaftflicht ass am Kader vun Ärer Aktivitéit obligatoresch. Si deckt Iech géint déi finanziell Konsequenze vu Persounen- a Materialschied of, déi Drëttpersounen entstinn, sief et bei engem Juegdaccident, duerch eng Juegdwaff wärend der Aktivitéit, awer och beim Botzen doheem, oder als Besëtzer vu Juegdhënn.  

Juegdaccident

Vergiesst net Iech selwer ze schützen! Am Fall vu Persouneschied wéinst engem Accident wärend, virun (Virbereedunge vun der Juegd) oder ausserhalb vun der Juegd (Botze vun der Waff) gitt Dir entschiedegt. Är Dokteschkäschte gi bis zu 2.500 € iwwerholl. Doud an Invaliditéit sinn och bis zu 50.000 € verséchert.

Vollkasko Gewierer

Är Gewierer sinn am Fall vun Déifstall, Beschiedegung oder Zerstéierung wärend der Juegd bis zu 5.000 € verséchert. Wann Är Waffe méi en héije Wäert hunn, kënnt Dir d'Versécherungszomm selwer festleeën.

Accident Juegdhond

Wann Ären Hond op der Juegd verletzt gëtt, ginn d'Veterinärskäschten iwwerholl. Stierft Äert Déier, kritt Dir och eng Entschiedegung vu bis zu 5.000 €.

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT Habitation

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT

Verbannt Är Haaptassurancen an engem Kontrakt

Méi dozou...

 

Denkt drun, Är Juegdbud mat enger easyPROTECT Haus a Wunneng speziell fir d'Juegdbud géint Brand, Waasserschied, schlecht Wieder, Déifstall ze versécheren.