Schützt Är Rechter a verdeedegt Är Interessen Integrale Familljerechtsschutz
Integrale Familljerechtsschutz
Privatclienten / Assurancen / Rechtsschutz

Integrale Familljerechtsschutz

Eng Meenungsverschiddenheet mam Noper? E Konflikt mat Ärem Employeur? Dir sidd Affer vun engem Identitéitsdéifstall oder vun engem medezinesche Feeler ginn?

Den Integrale Familljerechtsschutz hëlleft Iech bei Konflikter, mat deenen Dir ënner Ëmstänn konfrontéiert gitt. D'Juriste vu LALUX begleeden Iech wärend dem ganzen Dossier, schloen Iech konkreet Léisunge vir a schwätze mat Iech of, wéi et mat Ärem Litige soll weidergoen.
 

Virdeeler

Qualifizéiert Juristen, déi Iech nolauschteren

Ären Dossier gëtt personaliséiert geréiert a Juristen uvertraut, déi op Rechtsschutz spezialiséiert sinn: Si lauschteren Iech no, äntweren op Är Froen, analyséieren den Dossier, setze Bréiwer op, reegele Litigen am Gudden.
 

Eenegung am Gudden

Am Fall vun engem Konflikt kann e Geriichtsprozess oft laang a beschwéierlech ginn. Duerch e Règlement à l'amiable, also eng Eenegung am Gudden, kënnt Dir dat evitéieren a méi séier eng dauerhaft an zefriddestellend Léisung fannen. Eis Juristen hëllefen Iech dobäi, déi bescht Léisungsstrategie ëmzesetzen.
 

Fräie Choix vun Ärem Affekot

Wann all Versich, fir de Konflikt am Gudden ze reegelen, feelgeschloe sinn, dann ass et ënner Ëmstänn néideg, viru Geriicht ze goen. Dir kënnt den Affekot, deen Är Interesse verdeedege soll, fräi an onofhängeg auswielen.
 

Keng Avance vu Käschten

D'Rechtsschutzversécherung iwwerhëlt déi juristesch Käschten an d'Honorairen. Dir braucht keng Avancen ze leeschten.

D'Produiten

Integrale Familljerechtsschutz

Den Integrale Familljerechtsschutz begleet Iech bei deene sëllege Konflikter, mat deenen een am Laf vum Liewe konfrontéiert ka ginn (Konflikt mat Ärem Employeur, Identitéitsdéifstall, Litige mat enger Drëttpersoun ...).
 

Integralen Auto-Rechtsschutz

Eng Erweiderung op den Integralen Auto-Rechtsschutz ass méiglech, fir Iech och am Fall vu Litigen am Zesummenhang mam Kaf, mam Verkaf oder och der Benotzung vun engem Gefier ze schützen. De Rechtsschutz gräift souwuel bei Litigë mam Verkeefer oder mam Keefer, genee ewéi mam Garagist oder mat der Wäschanlag ... Den Integralen Auto-Rechtsschutz ëmfaasst och eng Garantie fir d'strofrechtlech Verdeedegung bei Verkéiersdelikter.
 

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT Rechtsschutz

easyPROTECT Rechtsschutz

Weider interessant Produiten

Méi dozou

Ofschléissen, éier et ze spéit ass

Denkt drun, datt den Integrale Familljerechtsschutz ëmmer scho muss ofgeschloss sinn, éier bekannt ass, datt e Litige virläit. Tëschent dem Ofschloss an der Wierksamkeet vum Schutz gëllt effektiv eng Karenzzäit, déi vum jeeweilege Beräich vum Litige ofhänkt.

- Allgemeng: 3 Méint
- Gesondheetsgarantie: keen Delai
- Aarbechtsgarantie: 6 Méint