Profitéiert vun Äerer Schwämm oder Jacuzzi mam Package Schwämm vun easyPROTECT Haus a Wunneng
Package Schwämm

Package Schwämm

Dir sidd de gléckleche Besëtzer vun enger Schwämm oder engem Jacuzzi a wëllt se schützen? Mam optionale Package Schwämm vun Ärer Assurance Haus a Wunneng kënnt Dir am Fall vu Schied un Ärer Schwämm an hiren Ekipementer entschiedegt ginn.

Virdeeler

Materiell an elektresch Schied ofgedeckt

Mam Package Schwämm gitt Dir bei materiellen an/oder elektresche Schied un Ärer Schwämm, mee och un hiren techneschen Installatiounen an Accessoiren, wéi d'Ofdeckung, d'Dusch dobaussen…, entschiedegt.

Sich no Fuitten ofgedeckt

Am Fall vu Waasserfuitten ass d'Sichen no der Fuite ofgedeckt. Dir gitt och fir d'Flécken no der Sich no Fuitten, d'Behandlung an esouguer d'Ersetze vum Waasser an der Schwämm entschiedegt. 

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT Habitation

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT

Verbannt Är Haaptassurancen an engem Kontrakt

Méi dozou

Amenagementer dobaussen

 

Mat der Garantie Amenagementer dobaussen kënnt Dir Är Gaardemiwwelen, Spillplazen, Gaarden- an Handwierksgeschier, Griller a Planze géint Déifstall a Schied versécheren.