Schützt Iech mat der Familljenhaftflicht
RC Familiale
Privatclienten / Assurancen / Haus / Familljenhaftflicht

Familljenhaftflicht

Mat der Haftflicht kënnt Dir eventuell Schied, déi Dir selwer, e Member vun Ärer Famill oder Är Hausdéiere bei Drëttpersounen oder un deenen hirem Besëtz am Kader vun Ärem Privatliewe verursaache kënnen, versécheren. Si gräift souwuel bei Persouneschied ewéi och bei Materialschied. Si gëtt deemno staark recommandéiert!

Virdeeler

D'Familljenhaftflicht deckt och Äert Haus oder Är Wunneng of

Schied, déi aneren duerch Äert Gebai entstinn, sinn ofgedeckt, wann Är Responsabilitéit ausgeléist ass. Beispill: E Bam an Ärem Gaart fält bei Ären Noper an zerstéiert seng Mauer a seng Planzen: Är Haftflicht iwwerhëlt de Schued.

Är Haftflicht gräift och, wann Är Déieren e Schued verursaachen

Och Är Déiere falen ënner Är Haftflicht. Wann Ären Hond beim Spadséieren en aneren Hond bäisst, iwwerhëlt Är Haftflicht d'Veterinärskäschten.

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT Habitation

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT

Verbannt Är Haaptassurancen an engem Kontrakt

Méi dozou...

Autohaftflicht

Als Besëtzer vun engem Auto musst Dir eng Autohaftflichtversécherung ofschléissen. Si schützt Iech, wann Dir en Accident verursaacht, an entschiedegt d'Affer vun deem Accident.

easyPROTECT Auto

Juegdhaftflicht

Wann Dir op d'Juegd gitt, ass eng Juegdhaftflicht zu Lëtzebuerg obligatoresch a verséchert Iech fir de Fall vun engem Juegdaccident.

Package Juegd