100 Joer LALUX

Den 29. Februar 1920 gouf LA LUXEMBOURGEOISE op Privatinitiativ vu Politiker gegrënnt, fir den Neesopbau vum Land nom Éischte Weltkrich ze ënnerstëtzen an déi wirtschaftlech a politesch Souveränitéit vum Grand-Duché duerch de Finanzement vun der Versécherung ze oprecht ze erhalen.

D'Grënner vu LA LUXEMBOURGEOISE kommen aus verschiddene beruffleche Milieuen.

Vertruede sinn Notairen, Baueren, Affekoten, Ingenieuren an och Veterinären, déi besonnesch bei den Assurancë fir Déiere gefrot sinn.

Déi éischt Typpe vun Assurancen, déi ugebuede ginn, si Versécherunge fir d'Véi a Brandversécherungen. 1922 kommen dann Assurancë géint Knëppelsteng an dann 1924 d'Haftflichtversécherung an de Glasbroch derbäi. D'Autohaftflichtversécherung gëtt 1932 obligatoresch, an d'Liewensversécherung gëtt am Joer 1937 agefouert.

E Joer no hirer Grënnung huet LA LUXEMBOURGEOISE 8 Mataarbechter an 82 Agenten. Mat iwwer 1.000 Agenten a 500 Mataarbechter verfüügt LALUX haut iwwer dee gréisste Reseau vu Beroder, déi sech ëmmer dofir asetzen, Iech dee beschte Service ze bidden.

LALUX, 2020 déi beléiftste Mark zu Lëtzebuerg

Mat Beschtwäerter am Beräich vun der Zefriddenheet vun de Clientë gouf LALUX 2020 am Kader vun der KPMG-Etüd iwwer d'Clientserfarung secteuriwwergräifend zu der beléiftster Mark gewielt.

Si positionéiert sech doriwwer eraus och mat follgende Resultater:

  • 96 % vun de Clientë recommandéieren d'Mark - TNS Ilres-Etüd 2019
  • 98 % vun de Clientë si mat der Gestioun vun de Schied zefridden - Intern Etüd iwwer d'Zefriddenheet am Zesummenhang mat der Gestioun vu Schied

100 Joer Geschicht an engem Buch dokumentéiert

 

 

Fir den 100. Gebuertsdag vu LALUX ze markéieren, gouf e Buch verëffentlecht, dat de Parcours vum Lëtzebuerger Familljebetrib duerstellt an u seng Entsteeung an Entwécklung erënnert.

Dat vum Paul Zahlen redigéiert Wierk besteet aus zwee Bänn, déi sech mat der Geschicht vu La Luxembourgeoise befaassen. Mat sengen 1.300 Säiten an Honnerte vu Fotoe bitt dëst Wierk eng objektiv Liesweis, an där den Historiker op d'Schlësselmomenter vun der Versécherungsgesellschaft ageet.

Den Ufank vun der Entreprise war vu politeschen Aspekter an de Schwieregkeete vun den Aktivitéiten am Beräich vun de Placementer gepräägt. An der Zäit vum Zweete Weltkrich gëtt dat perséinlecht Schicksal vun den Dirigeantë beliicht, wärend et an der Nokrichszäit ëm d'Roll vum Management geet. Och d'Fro vun der Fraenaarbecht a vun der Bezuelung vun de Frae gëtt analyséiert.