Regruppéiert all Är berufflech Assurancen! easyPROTECT PRO
easyPROTECT PRO
Professionell Clienten / easyPROTECT PRO

easyPROTECT PRO

Egal a wéi engem Secteur Dir aktiv sidd, ob Dir Entrepreneur, Handwierker oder Geschäftsmann/-fra sidd, am Automobil- oder am HORESCA-Beräich täteg sidd, e medezinesche Beruff hutt oder fräiberufflech schafft, LALUX begleet Iech wärend Ärem ganze beruffleche Parcours.

Déi komplett Gamm un Assurancen, déi op Är Besoinen an Äre jeeweilege Beruff ofgestëmmt kënne ginn, bidden en optimale Versécherungsschutz fir Är Gidder, Är Entreprise, Är Mataarbechter an och Iech selwer.

Virdeeler

Regruppement vun engem Groussdeel vun Äre Kontrakter

Vereinfacht Iech d'Gestioun mat engem eenzege Kontrakt, engem eenzegen Intermediaire, enger eenzeger Primm an enger eenzeger Echeance.
 

Spezifesch Garantië fir all Beruff

Den All-in-one-Kontrakt berücksichtegt d'Risike vun all Beruff a proposéiert Iech Garantien op d'Mooss, déi bei Är Besoine passen.

Verdeedegung vun Äre berufflechen Interessen

Profitéiert vu personaliséierter Berodung bei alle Froe ronderëm d'Assurancen an d'Virsuerg.

Bezuele pro Mount, kee Problem!

Dir kënnt decidéieren, Är Assuranceprimmen op 12 Méint opzedeelen.

Informatiounsvideo

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT PRO

All Är Assurancen an engem Kontrakt

Méi dozou...

Onfallversécherung

D'Onfallversécherung fir Entreprisen ergänzt déi gesetzlech Versécherung géint Aarbechtsaccidenter. Als Employeur kënnt Dir dës Assurance entweeder fir all Är Mataarbechter oder nëmme fir e Grupp vu Salariéen, deen Dir bestëmmt, ofschléissen.

D'Salariéë profitéiere vun engem verbesserte Versécherungsschutz géint Invaliditéit oder de Stierffall oder vum Remboursement vun den Dokteschkäschten no engem Accident am Kader vun enger berufflecher oder privater Aktivitéit.

Haftflicht vum Dirigeant d'entreprise

Als Dirigeant d'entreprise kann Är perséinlech Haftflicht, an domat Äert Verméigen, erugezu ginn, wann Drëttpersounen zu Schued kommen. Dat kann zum Beispill bei engem Feeler am Kader vun Äre geschäftleche Bezéiungen, beim Zeréckbehale vun Informatiounen, bei Concurrence déloyale oder engem Feeler a Bezuch op d'Aarbechtsbedéngunge vun der Entreprise de Fall sinn.
D'Haftflicht vum Dirigeant d'entreprise deckt d'Käschte fir Är zivil- a strofrechtlech Verdeedegung of.

Haftflicht a Rechtsschutz

easyPROTECT PRO bitt Iech eng individuell Léisung, déi Är Haftflichtrisike perfekt ofdeckt, fir datt Dir Iech voll a ganz op Är Geschäfter konzentréiere kënnt.

Versécherung vu materielle Saachen

All Entreprise brauch Raimlechkeeten, Anlagen an Equipementer, fir hir Aktivitéiten ausüben ze kënnen. Dacks gehéieren dës Gidder der Entreprise a stellen e ganz wichtegen Deel vun hirem Geschäftsverméigen duer. LALUX assuréiert dës Gidder, och wa se gelount oder geleast sinn.

Assurancë fir d'Autosflott an Notzgefierer

Eng optimal Versécherung vun Ärer Autosflott muss net onbedéngt deier sinn. Onofhängeg dovun, ob Är Entreprise 1 oder 10 Gefierer besëtzt, ob dat Autoen, Notzgefierer oder aner motoriséiert Gefierer sinn, déi fir de Betrib vun Ärer Entreprise genotzt ginn, mat easyPROTECTPRO profitéiert Dir vun engem komplette Versécherungsschutz, deen op Är Aktivitéit, Är Besoinen an Äre Budget zougeschnidden ass.