Aarbechtsplazen am Grupp LALUX
LALUX sicht nei Versécherungsagenten an organiséiert Formatiounen, déi op den Exame vum Versécherungsagent virbereeden. Dësen Exame brauch een, fir vum Commissariat aux Assurances als Versécherungsagent zougelooss ze ginn. D'Formatioune gi reegelméisseg owes an de Raimlechkeete vu LALUX Assurances zu Leideleng, 9, rue Jean Fischbach, organiséiert.
Wann Dir un deene Formatiounen deelhuele wëllt, da schéckt eis wgl. Är Kandidatur.
Wärend der Schoulvakanz am Summer (Juni bis September) bidde mir a verschiddenen Departementer vun eise Gesellschafte Studentenjobs fir eng Dauer vun 3 Wochen un.
Du bass Student/-in, tëscht 16 a 27 Joer al, wëlls éischt Erfarungen an der Beruffswelt beim Grupp LALUX sammelen an der gläichzäiteg e bëssen Täschegeld am Summer verdéngen? Da schéck eis deng Kandidatur iwwer de follgende Link: