D'Pensiounsléisung fir Independanten a Fräiberuffler lalux-Safe Future
lalux-Safe Future
Professionell Clienten / Pensioun Selbststänneg

lalux-Safe Future

RCPi

Dir schafft op Ären eegene Kont? An deem Fall kënnt Dir dagdeeglech enger ganzer Rei vu Risiken ausgesat sinn.

Mat lalux-Safe Future kënne mir Iech eng Versécherungsléisung op d'Mooss ubidden, mat där Dir Är Zukunft ofsécheren a gläichzäiteg vun deenen neie steierleche Virdeeler profitéiere kënnt, déi duerch d'Ausdeenung vum Geltungsberäich vum Gesetz iwwer d'Pensiounszousazversécherungen op Fräiberuffler an Independantë méiglech sinn.

Virdeeler

Fräie Choix vun de Bäiträg

Fir Iech esou vill Flexibilitéit ewéi méiglech ze bidden, kënnt Dir Är Pensiounsbäiträg all Joer ouni Penalitéiten un Är Situatioun an un Är Moyenen upassen.

Fräie Choix vun den Investissementssupporten

Wielt selwer d'Supporten aus, an déi Dir Är Suen investéiere wëllt. Dir hutt de Choix tëschent engem garantéierte Rendement an Investmentfongen.
 

Formelen op d'Mooss

Bestëmmt selwer de Betrag vun Ärem Pensiounskapital a wielt d'Risikogarantien, déi Dir verséchere wëllt (Stierffall, Invaliditéit an/oder Accident) genee ewéi d'Optiounen, déi Dir derbäisetze wëllt, aus.

Einfach a séier Souscriptioun

D'Souscriptioun ass 100 % online, vum éischte Kontakt iwwer de Choix vun de Garantien bis zu der Assurancëpropos.

Virdeelhaft Besteierung

Dir kënnt bis zu 20 % vun Ärem berufflechen Akommes ofsetzen: Steier vun 20,9 % op déi bezuelte Primm. Op d'Leeschtungen, déi ausbezuelt ginn, gëtt zu Lëtzebuerg dogéint keng Akommessteier erhuewen.

Informatiounsvideo

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

lalux-Safe Future

D'Zousazpensiounsversécherung fir Independanten

Méi dozou...

Wie kann dës Assurance ofschléissen?

Am Resumé, jiddwereen, deen zu Lëtzebuerg wunnt an deen eng bezuelten Aktivitéit als Independant ausüübt.

  1. Liberal Beruffer (Dokteren, Zänndokteren, Psychologen, Psychiateren, Kinesitherapeuten, Osteopathen, Veterinären, Apdikter, Affekoten, Nottären, Architekten)
  2. Immobilien- a Versécherungsagenten
  3. Handwierk (Bäckeren, Metzleren, Coifferen); Handel (Verkeefer, Epicieren, Restaurateuren, Wiert); Baueren asw.

Och Persoune mat enger duebeler Aktivitéit (Salarié an Independant) kënnen dës Assurance ofschléissen.

D'Pensiounsprimm vun de Steieren ofsetzen

Déi nei steierlech Virdeeler, déi duerch d'Ausdeenung vum Gesetz iwwer d'Zousazpensiounsversécherungen accordéiert ginn, illustréiert een am beschten unhand vun engem konkreete Beispill:

De Carlos, e selbststännegen Iwwersetzer, investéiert 10.000 € vu sengem Joresakommes a lalux-Safe Future a spuert esou 2.083 € Steieren.

Entdeckt, wéi vill Steieren Dir spuere kënnt