Wärend der Bauzäit an doriwwer eraus APROBAT: optimal Sécherheet fir Är Immobilieprojeten
Bauversécherunge fir professionell Clienten

Bauversécherunge fir professionell Clienten

APROBAT-Bauversécherunge gi speziell fir professionell Acteuren aus dem Bausecteur recommandéiert, well si domat déi follgend Risike gläichzäiteg ofdecke kënnen:

  • hir Verantwortung fir de gudden Oflaf vun den Immobilieprojeten, fir déi si zoustänneg sinn
  • d'Schied, fir déi all aner Intervenanten, och Sous-traitanten an de Bauhär, verantwortlech sinn

Virdeeler

Manner Kontrollkäschten

Mat APROBAT braucht Dir keen externe Kontrollbüro méi ze beoptragen, wann de Wäert vum Bau ënner 5.000.000 € läit. APROBAT kombinéiert d'Assurance an d'Kontrollen, e Konzept, dat zu Lëtzebuerg eenzegaarteg ass. Domat ginn d'Käschte reduzéiert an d'Prozedure vereinfacht.  

Séier Ofwécklung vu Schied

Sollt et zu engem Schued kommen, da geet keng Zäit mat der Sich no engem Verantwortleche verluer, well all déi Bedeelegt als Assuréë betruecht ginn. Dir kënnt Iech esou drop verloossen, datt et zu enger séierer Ofwécklung kënnt, ouni datt Äre Chantier eventuell gestoppt gëtt.

Optimale Schutz wärend der Bauzäit an doriwwer eraus

Duerch den ëmfaassende Versécherungsschutz vun APROBAT ass net nëmmen d'Bauphas ofgeséchert, mä och Är Zéngjores-Haftflicht nom Ofschloss vun de Bauaarbechten.

Spezifesch Assurancë fir Professioneller

APROBAT bitt och optimal Léisungen, fir d'Haftflicht vun Architekten an Ingénieurs conseils ofzedecken.

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

APROBAT Assurancë fir de Bau

Méi dozou...

Bauleeschtungsassurance, den onëmgängleche Versécherungsschutz wärend den Aarbechten

Mat der Bauleeschtungsassurance si Schied ofgeséchert, déi wärend de Bauaarbechten opgrond vun Noléissegkeet, Ongeschéckerlechkeet a mënschlechem Versoe vun de Fournisseuren entstinn. Och Déifstall no Abroch a Vandalismus sinn an der Assurance abegraff.
Des Weidere si wärend der ganzer Bauzäit materiell Schied oder Persouneschied, déi Drëttpersounen entstinn, verséchert. 

Zéngjores-Haftflichtversécherung

Dir kënnt ganz berouegt sinn, och nom Ofschloss vun den Aarbechten

Fir Architekten, Entrepreneuren, Ingenieuren a Bureau-d'étuden, genee ewéi fir Promoteuren, schreift de Code civil eng Zweejores- bzw. eng Zéngjoresgarantie vir. Verséchert Iech fir de Fall, wou Problemer sollten opdauchen an de verantwortlechen Intervenant seng Engagementer net hale kann oder, am schlëmmste Fall, faillite ass. D'Zéngjoreshaftflicht gräift nom Ofschloss vun den Aarbechten. Mat dëser Garantie sinn d'Finitiounen 2 Joer laang garantéiert, de Réibau esouguer 10 Joer.