Motivéiert a fideliséiert Är Mataarbechter mat lalux-Staff Protect
lalux-Staff Protect - Entreprisen
Professionell Clienten / Pensioun Entreprisen

lalux-Staff Protect - Entreprisen

lalux-Staff Protect ass eng Zousazpensiounsversécherung, déi Dir finanzéiert, fir Äre Mataarbechter bei der Pensioun, am Stierffall, mä och am Fall vun Invaliditéit eng zousätzlech Sécherheet ze bidden.

Dëse flexibelen, steierlech interessante Produit ass haut e wichtege Bestanddeel vun engem moderne Salaires-Package. Fir Ären Ufuerderungen optimal gerecht ze ginn, gouf lalux-Staff Protect mat ënnerschiddleche Gamme vu kompletten a steierlech attraktive Versécherungen erweidert. 

Virdeeler

En attraktive steierleche Kader

D'Primm vun Ärer lalux-Staff Protect-Léisung gëtt als Betribsausgab ugesinn a kann domat vun de Steieren ofgesat ginn (maximum 20 % vum Akommes, dat als Grondlag fir d'Berechnung vun de Pensioune benotzt gëtt). Är Mataarbechter musse fir dës Primm keng Sozialversécherungsbäiträg bezuelen. Dir ergänzt deemno Äre Salaires-Package mat enger Alternativ, déi méi gënschteg ass ewéi eng Gehaltserhéijung!

Är Mataarbechter hunn de fräie Choix vun den Investissementsproduiten

Op der Basis vum Plang vun Ärer Entreprise bestëmmen Är Mataarbechter selwer den Undeel, dee si an déi ugebueden Investissementsméiglechkeeten investéiere wëllen: Produite mat garantéiertem Rendement (kee Verloschtrisiko fir de Salarié) oder unit-linked Produiten (déi un Investmentfonge gebonne sinn). Dir erméiglecht Äre Mataarbechter all Joer, d'Héicht vun hiren Investissementer passend zu hirer perséinlecher Situatioun nei ze definéieren.

Fir all oder en Deel vun Äre Mataarbechter

lalux Staff-Protect ass eng flexibel Formel, déi Iech erlaabt, d'Zousazpensiounsversécherung op bestëmmte Kategorië vu Mataarbechter ze limitéieren, a se och bannent dëse Kategorien ënnerschiddlech ze moduléieren.

Zesummestellung op der Basis vun Äre Besoinen

De Versécherungsschutz, dee bei Är Situatioun passt, gëtt opgrond vun Ärem verfügbare Budget, den übleche Praktike vun den Entreprisen aus deem selwechte Secteur an de gesetzleche Leeschtungen ausgewielt.

De Choix tëschent e puer Formelen

Et sinn e puer Konfiguratioune méiglech: Kapital oder Rent bei der Pensioun, Kapital oder Rent (Partner oder Weesekand) am Fall vu virzäitegem Doud, Rent am Fall vun Invaliditéit oder, am Fall vun engem Accident, zousätzlecht Stierffall- /Invaliditéitskapital.

E performant digitaalt Gestiounsinstrument

Profitéiert vun engem performanten Instrument, mat deem Dir den aktuelle Stand vun Ären Erspuernesser consultéieren, d'Steiercertificaten eroflueden an Är Investissementssupporte geréiere kënnt. Dat Ganzt iwwer eng iwwerschafften Interface mat optimiséierter User-Experienz. 

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

lalux-Staff Protect

De Pensiounsplang fir Entreprisen: fir Loyalitéit a Motivatioun

Lalux Document Img Alt

lalux-Staff Protect - Perséinlech Beiträg