Zanter méi 100 Joer un Ärer Säit D'Versécherungsgesellschaft LALUX
Méi dozou
Infoen & Tools / Eis Gesellschaft

Eis Gesellschaft

Wien ass LALUX?

LA LUXEMBOURGEOISE war 1920 déi alleréischt lëtzebuergesch Assurance, déi am Grand-Duché aktiv war. Kuerz no hirer Grënnung huet si hir Büroen um Eck vum Boulevard Royal an der Groussgaass installéiert.

D'Entreprise huet ganz séier hir Aktivitéiten am Assurancëberäich ausgebaut an och hir Offer am Bankesecteur diversifiéiert. Dës Orientatioun huet si awer 1970 opgrond vun der Gesetzgeebung missen opginn.

Am Hibléck op den europäesche Bannemaart spléckt d'Gesellschaft 1989 hir Versécherungsaktivitéiten an d'Beräicher Liewensversécherungen an Net-Liewensversécherungen op a grënnt zwou separat Duechtergesellschaften. Zu dësem Zäitpunkt trëtt d'Spuerkeess (Banque et Caisse d’Épargne de l’État) an d'Kapital vun deenen zwou neien Entitéiten an a verstäerkt domat déi Lëtzebuerger Identitéit an d'Verankerung am Land vun deenen zwou Entreprisen.

Aktuell si ronn 500 Salariéen am Grupp LALUX  zu Lëtzebuerg beschäftegt. Mat iwwer 700 Agenten, dorënner 100 Beruffsagenten, verfüügt d'Entreprise iwwer ee vun deene gréisste Reseauen am ganze Land. 

 

Eis Geschicht

29. Februar 1920

  • Lancement vun den Net-Liewensversécherungs- a Bankenaktivitéiten
  • Numm vun der Gesellschaft: LA LUXEMBOURGEOISE, Société Anonyme d’Assurance et de Placement
  • 1. Sëtz vun der Gesellschaft: avenue Marie-Thérèse, duerno Eck Boulevard Royal a Groussgaass

1937

  • Lancement vum Geschäftsberäich Liewensversécherungen

1942

  • Opléisung vun der Gesellschaft duerch déi däitsch Besatzung

1944

  • Redemarrage vun der Aktivitéit nom Zweete Weltkrich

1968

  • Iwwerhuele vum Helvetia-Portfolio

1969

  • Enn vun de Bankenaktivitéiten nom Gesetz vum 6. September 1968 fir d'Iwwerwaachung vun de Versécherungsgesellschaften.
  • 22.12.1969: Grënnung vun enger neier lëtzebuergescher Bankegesellschaft, der „Banque du Benelux – LA LUXEMBOURGEOISE”
  • Plënneren an dat neit Verwaltungsgebai an der rue Aldringen

1970

  • Verleeë vum Gesellschaftssëtz an d'rue Aldringen Nr. 10
  • Neien Numm vun der Gesellschaft: LA LUXEMBOURGEOISE, Société Anonyme d’Assurances

1971

  • Ufank vun der Informatiséierung vun der Gesellschaft
  • Ufank vum Bau vum neie Gebai um Eck vum Boulevard Royal an der Groussgaass

1975

  • Iwwerhuele vum lëtzebuergeschen Auto-Portfolio vun der 1830 gegrënnter belscher Gesellschaft A.G. (spéider Fortis)

1981

  • Iwwerhuele vum lëtzebuergesche Portfolio vun der franséischer Gesellschaft LE GAN Incendie Accidents

    1989

    • Ausglidderung vun de Versécherungsaktivitéiten a Grënnung vun 2 neie Gesellschaften:
      LA LUXEMBOURGEOISE a LA LUXEMBOURGEOISE-Vie.

    1996

    • Grënnung vu LA LUXEMBOURGEOISE RE

    1999

    • Grënnung vu Pecoma International (Pension Consulting and Management) mat der Compagnie Fiduciaire an der Spuerkeess

    2002

    • 25-prozenteg Bedeelegung un DKV Luxembourg
    • Apport vum Portfolio „Maladie”

    2003

    • 10-prozenteg Bedeelegung u LIA (Lux Investment Advisors) mat der Spuerkeess

    2005

    • Réckgrëff op de Courtage fir d'Ëmsetze vum Réckversécherungsprogramm

    2011

    • Kreatioun vun der Mark LALUX an der Publicitéit, genee wéi an der mëndlecher a geschäftlecher Kommunikatioun
    • Lancement vun der neier visueller Identitéit a Charte graphique
    • Verleeë vum neie Gesellschaftssëtz op Leideleng
    • Neie Slogan: lalux – meng Versécherung 

    2015

    • Iwwerhuele vun der Mark DKV Luxembourg

    2020

    • LALUX feiert 100 Joer
    • Iwwerhuele vun den „Employee Benefits” vun der Gesellschaft Cardif Lux Vie
    • LALUX ass als beléifste Mark zu Lëtzebuerg gewielt ginn

    2021

    • Neie Slogan: Don't worry, be happy!
    • Sortie vun easyAPP, der neier App vum Grupp LALUX 
    •  

    Eis Partner

    SPUERKEESS

    Zanter der Grënnung vun der Spuerkeess (Banque et Caisse d'Épargne de l'État, Luxembourg) am Joer 1856 ass de Lëtzebuerger Staat hiren eenzege Proprietär. 

    Hire Statuten no bestinn d'Missioune vun der Bank doranner, d'Spueren ze fërderen, den Zougang zu Wunnraum ze erliichteren an d'Entwécklung vun der nationaler Wirtschaft ze ënnerstëtzen. 

    Haut ass d'Spuerkeess souwuel Leader op den einheimesche Marchéë vum Retail banking wéi och vun de PMEen. Et ass eng universal a systeemesch Bank, déi wäit iwwer d'Grenze vum Grand-Duché eraus unerkannt ass.

    Déi international Ratingsagencen hunn d'Spuerkeess mat den Notatiounen AA+ (Standard & Poor's) respektiv Aa2 (Long term Deposit Rating, Moody's) bewäert.

    D'Spuerkeess bitt hire Clienten déi landeswäit gréisste Reseaue vun Agencen an automatesche Guicheten, a mat S-Net/S-Net Mobile déi innovatiivst a beléiftsten Online-Banking-Léisung mat iwwer 250.000 Benotzer.

    Vereinigte Hagelversicherung VVAG

    - Succursale Luxembourg -
    1993 hunn d'Norddeutsche Hagel an d'Leipziger Hagel hir Kompetenzen zesummegeluecht an d'Vereinigte Hagel gegrënnt. Dës Gesellschaft huet sech zu der gréisster Gesellschaft fir Versécherunge géint Knëppelsteng an Europa entwéckelt. Si ass Member vum Grupp AGRORISK a verséchert Baueren, Wënzer a Geméisgäertner an Däitschland, zu Lëtzebuerg, a Frankräich an an Italien.

    R+V Vereinigte Tierversicherung Gesellschaft a.G. (VTV)

    LALUX erweidert hir Gamm vun Assurancëproduiten an Zesummenaarbecht mat der Vereinigte Tierversicherung Gesellschaft a.G. (VTV), déi Member vum Assurancëgrupp R+V ass.

    Iwwer dës Gesellschaft ka si Assurancë fir Päerd ubidden, eng Exklusivitéit um Lëtzebuerger Maart. Dës Assurance riicht sech un Amateuren, Reider, Gardienen a Proprietäre vu Reit-, Renn- an Zuuchtpäerd. D'VTV ass Leader am Reitsportmilieu an Däitschland a kann op iwwer 130 Joer Erfarung zeréckblécken.

    PECOMA Actuarial and Risk S.A.

    Berodung am Aktuariat an am Risiko-Management fir Zousazpensiounsversécherungen a Versécherungsgesellschaften

    PECOMA Actuarial and Risk S.A. ass eng Berodungsgesellschaft, déi sech op déi verschidde Beräicher vun de Pensiounsversécherunge spezialiséiert huet. Heizou zielt och d'Berodung vu Versécherungs- a Réckversécherungsgesellschaften.

    Mir hëllefen eise Clientë bei der Entwécklung an der Ariichtung vun hiren Zousazpensiounsregimmer a beim Choix vum gëeegente Finanzementssupport. Mir bidden hinnen och all d'Servicer am Zesummenhang mat der Gestioun vum Aktuariat, der Verwaltung an der Comptabilitéit vun hire Pensiounsregimmer un.

    Eis Aktivitéit ëmfaasst och d'Berodung vu Versécherungs- a Réckversécherungsgesellschaften. Als reglementéierte Prestataire (PSA oder Professionnel du Secteur de l'Assurance) bidde mir och Gouvernance-Servicer a -Funktiounen un, déi sous-traitéiert kënne ginn (Aktuariat, Risiko-Management an internen Audit). Zu eise Servicer zielt och versécherungstechnesch Berodung am Zesummenhang mat den Aktivitéiten, déi direkt domadder verbonne sinn (Tariffer, Asset Allocation ...)

    LALUX Group Sous-Traitants

    De Schutz an de Respekt vum Beruffsgeheimnis an d’Vertraulechkeet vun de Clientsdonnéeën ass fir de Grupp La Luxembourgeoise eng Prioritéit.

    Am Kader vu senger Demarche, fir seng Clientë beschtméiglech ze begleeden an hinnen ëmmer méi performant Servicer unzebidden, kann de Grupp La Luxembourgeoise op spezialiséiert Déngschtleeschter zeréckgräifen, vun deenen eenzeler Cloud-Computing-Technologien asetzen. An dësem Zesummenhang kënne verschidden Informatiounen iwwer Clientsdonnéeën unhand vun techneschen an technologesche Mëttel, déi deene strengste Sécherheetsnormen ënnerleien, un dës Sous-Traitanten iwwerdroe ginn.

    Wann eng Gesellschaft vum Grupp hire spezialiséierte Prestatairë fir verschidde Servicer Informatioune matdeele muss, verflicht si sech, sech dobäi strikt un déi aktuell Reglementatiounen ze halen. Si suergt ausserdeem dofir, datt de Schutz vun alle Clientsdonnéeën an de Kontrakter, déi si mat senge Prestatairen ofschléisst,  duerch spezifesch Bestëmmungen ofgeséchert ass.

    Hei drënner fannt Dir all d’Informatiounen iwwer d’Déngschtleeschter, op déi d’Gesellschafte vum Grupp La Luxembourgeoise zeréckgräifen.

    Et gëllt ausschliisslech déi franséisch Versioun vum Internetsite LALUX.

    LA LUXEMBOURGEOISE Société Anonyme d’Assurances (« LALUX »)

    Versécherungsdokumenter

    Am Zesummenhang mam zentraliséierten Drock a mat der Verdeelung vu Versécherungsdokumenter (Kontrakter, Avenanten asw.) gräift LALUX op en Déngschtleeschter zeréck, deen zu Lëtzebuerg etabléiert ass. Dëse Prestataire ass op dëse Beräich spezialiséiert an als „PSF” agreéiert.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Telefonsnummer, E-Mail-Adress, Postadress, Geschlecht asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    Automobil-Assistance

    Fir d’Iwwerhuele vun der Automobil-Assistance am Kader vun der Top Assistance-Garantie (Gestioun vu Schied) gräift LALUX op en Déngschtleeschter zeréck, deen an der Belsch etabléiert ass. Dëse Prestataire ass op Assistance spezialiséiert a gehéiert als Duechtergesellschaft zu engem grousse reguléierte franséische Grupp.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Donnéeën, déi fir d’Gestioun vum Versécherungskontrakt erfuerderlech sinn (Nummer vum Fürerschäin, Nummereschëld vum Auto, Donnéeën iwwer déi viregt Versécherungskontrakter asw.), un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    Assistance Haus a Wunneng

    Fir d’Iwwerhuele vun der Assistance Haus a Wunneng am Kader vun der Home Assistance-Garantie (Gestioun vu Schied) gräift LALUX op en Déngschtleeschter zeréck, deen an der Belsch etabléiert ass. Dëse Prestataire ass op Assistance spezialiséiert a gehéiert als Duechtergesellschaft zu engem grousse reguléierte franséische Grupp.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Donnéeën, déi fir d’Gestioun vum Kontrakt erfuerderlech sinn, a perséinlech Donnéeën am Zesummenhang mat der Wunneng (Eegentum oder Locatioun, Donnéeën iwwer déi viregt Versécherungskontrakter asw.), un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    IT-Betribsmaintenance

    Am Zesummenhang mat der Maintenance vun de Betribs-Uwendungen an -Informatiounssystemer gräift LALUX op en Déngschtleeschter zeréck, deen a Bulgarien etabléiert an op d’Entwécklung vu Versécherungsléisunge spezialiséiert ass.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Donnéeën, déi fir d’Gestioun vum Versécherungskontrakt erfuerderlech sinn (Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Telefonsnummer, E-Mail-Adress, Postadress, Geschlecht, Nummer vum Fürerschäin, Nummereschëld vum Auto, Eegentum oder Locatioun, Donnéeën iwwer déi viregt Versécherungskontrakter asw.), un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    Divers IT-Leeschtungen

    Am Zesummenhang mat diversen IT-Leeschtungen, dorënner de Kaf vu Lizenzen, d’Digitaliséierung vun interne Prozesser asw., gräift LALUX op eng sëlleg IT-Déngschtleeschter zeréck, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën a perséinlech Donnéeën, déi fir d’Gestioun vum Versécherungskontrakt erfuerderlech sinn (Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Telefonsnummer, E-Mail-Adress, Postadress, Geschlecht, Nummer vum Fürerschäin, Nummereschëld vum Auto, Eegentum oder Locatioun, Donnéeën iwwer déi viregt Versécherungskontrakter asw.), un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

     

    LA LUXEMBOURGEOISE-VIE Société Anonyme d’Assurances (« LALUX-VIE »)

    Versécherungsdokumenter

    Am Zesummenhang mam zentraliséierten Drock a mat der Verdeelung vu Versécherungsdokumenter (Kontrakter, Avenanten asw.) gräift LALUX-VIE op en Déngschtleeschter zeréck, deen zu Lëtzebuerg etabléiert ass. Dëse Prestataire ass op dëse Beräich spezialiséiert an als „PSF” agreéiert.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Telefonsnummer, E-Mail-Adress, Postadress, Geschlecht, national Identifikatiounsnummer asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    IT-Betribsmaintenance

    Am Zesummenhang mat der Maintenance vun de Betribs-Uwendungen an -Informatiounssystemer gräift LALUX-VIE op en Déngschtleeschter zeréck, deen zu Lëtzebuerg etabléiert an op d’Entwécklung vu Versécherungsléisunge spezialiséiert ass.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën, déi fir d’Gestioun vum Versécherungskontrakt erfuerderlech sinn, Donnéeën aus dem ekonomeschen a Finanzberäich, Donnéeën iwwer d’Beruffsliewen an Donnéeën iwwer d’Privatliewen (abezuelten Assuranceprimmen, garantéiert Kapitalbeträg, Akommes, steierlech Situatioun, finanziell Situatioun, Steiernummer, Rentenalter, Salairen a Bonussen, Donnéeën iwwer déi viregt Versécherungskontrakter, Aktivitéitsberäich asw.), un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    Divers IT-Leeschtungen

    Fir divers IT-Leeschtungen, dorënner de Kaf vu Lizenzen, d’Digitaliséierung vun interne Prozesser asw., gräift LALUX-VIE op eng sëlleg IT-Déngschtleeschter zeréck, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën, perséinlech Donnéeën, déi fir d’Gestioun vum Versécherungskontrakt erfuerderlech sinn,  perséinlech Donnéeën aus dem ekonomeschen a Finanzberäich, Donnéeën iwwer d’Beruffsliewen an Donnéeën iwwer d’Privatliewen (abezuelten Assuranceprimmen, garantéiert Kapitalbeträg, Akommes, steierlech Situatioun, finanziell Situatioun, Steiernummer, Rentenalter, Salairen a Bonussen, Donnéeën iwwer déi viregt Versécherungskontrakter, Aktivitéitsberäich asw.), un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    IT-System fir d’Comptabilitéit

    Fir Prestatiounen am Zesummenhang mat der Maintenance an der Weiderentwécklung vun der Comptabilitéitsuwendung gräift LALUX-VIE op e Prestataire zeréck, deen zu Lëtzebuerg etabléiert an op deen zu Lëtzebuerg am meeschte benotzte Comptabilitéitssystem spezialiséiert ass.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Donnéeën aus dem ekonomeschen oder Finanzberäich (RIB, abezuelten Assuranceprimmen, Versemente bei der Echeance oder Rachaten asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    DKV Luxembourg Société Anonyme (« DKV Luxembourg »)

    Versécherungsdokumenter

    Am Zesummenhang mam zentraliséierten Drock a mat der Verdeelung vu Versécherungsdokumenter (Kontrakter, Avenanten asw.) gräift DKV Luxembourg op en Déngschtleeschter zeréck, deen zu Lëtzebuerg etabléiert ass. Dëse Prestataire ass op dëse Beräich spezialiséiert an als „PSF” agreéiert.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Telefonsnummer, E-Mail-Adress, Postadress, Geschlecht asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    IT-Betribsmaintenance

    Am Zesummenhang mat der Maintenance vun de Betribs-Uwendungen an -Informatiounssystemer gräift DKV Luxembourg op en Déngschtleeschter zeréck, deen an Däitschland etabléiert a Leader um däitsche Marché ass.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, E-Mail-Adress, Postadress asw.) a perséinlech Donnéeën, déi fir d’Gestioun vum Kontrakt erfuerderlech sinn (Montante vun de rembourséierte Gesondheetsleeschtungen asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    Divers IT-Leeschtungen

    Fir divers IT-Leeschtungen, dorënner de Kaf vu Lizenzen, d’Digitaliséierung vun interne Prozesser asw., gräift DKV Luxembourg op eng sëlleg IT-Déngschtleeschter zeréck, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën a perséinlech Donnéeën, déi fir d’Gestioun vum Kontrakt erfuerderlech sinn (Montante vun de rembourséierte Gesondheetsleeschtungen asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    Gesondheets-Assistance / Call Center

    Am Zesummenhang mam Iwwerhuele vun der Gesondheets-Assistance (Récktransport-Garantie am Krankheetsfall) gräift DKV Luxembourg op e Prestataire zeréck, deen d’Aktivitéit vum Call Center ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun der Gesellschaft iwwerhëlt, och um Weekend an op Feierdeeg. Dëse spezialiséierte Prestataire ass an der Belsch etabléiert a gehéiert als Duechtergesellschaft zu engem grousse reguléierte franséische Grupp.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnumm, Telefonsnummer, E-Mail-Adress, Postadress, ofgeschlossene Versécherungsschutz, Geschlecht asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    Gesondheets-Assistance / Récktransport

    Am Zesummenhang mam Iwwerhuele vun der Gesondheets-Assistance (Récktransport-Garantie am Krankheetsfall) gräift DKV Luxembourg op e Prestataire zeréck, deen d’Aktivitéit vum Récktransport ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun der Gesellschaft iwwerhëlt, och um Weekend an op Feierdeeg. Dëse Prestataire ass an Éisträich etabléiert an ass weltwäite Leader um Gebitt vun de Récktransporter per Fliger.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnumm, Telefonsnummer, E-Mail-Adress, Postadress, ofgeschlossene Versécherungsschutz, Geschlecht asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    Leeschtungen am Beräich vum Tiers-payant

    Am Zesummenhang mat der Ariichtung vum Tiers-payant fir eligibel Persoune gräift DKV Luxembourg op en Déngschtleeschter zeréck, deen a Frankräich etabléiert ass. Dëse spezialiséierte Prestataire setzt e System an, deen zanter iwwer zwanzeg Joer um franséische Marché benotzt gëtt.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Donnéeën aus dem Gesondheetsberäich (Sozialversécherungsnummer, Rechnungen, Dokteschrapporten, Rezepter, Informatiounen iwwer Fleegeleeschtungen asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.

    IT-System fir d’Comptabilitéit

    Fir Prestatiounen am Zesummenhang mat der Maintenance an der Weiderentwécklung vun der Comptabilitéitsuwendung gräift DKV Luxembourg op e Prestataire zeréck, deen zu Lëtzebuerg etabléiert an op deen zu Lëtzebuerg am meeschte benotzte Comptabilitéitssystem spezialiséiert ass.

    Am Kader vun dëser Sous-Traitance gi perséinlech Donnéeën aus dem ekonomeschen oder Finanzberäich (RIB, abezuelten Assuranceprimmen, rembourséiert Gesondheetskäschten asw.) un den Déngschtleeschter iwwermëttelt.