Den ideale Virdeel, deen Ären Employeur Iech bidde kann lalux-Staff Protect
lalux-Staff Protect - Mataarbechter
Professionell Clienten / Pensioun Entreprisen / lalux-Staff Protect - Mataarbechter

lalux-Staff Protect - Mataarbechter

lalux-Staff Protect ass eng Zousazpensiounsversécherung, déi vun Ärer Entreprise finanzéiert gëtt an Iech en zousätzlecht Akommes séchert, wann Dir an d'Pensioun gitt. Ären Employeur kann dës Assurance och mat weidere Versécherungen ergänzen, déi Iech am Stierffall oder bei Invaliditéit ofsécheren.
Dir hutt Ärersäits d'Méiglechkeet, dëse Plang ëm perséinlech Beiträg an engem steierlech ganz virdeelhafte Kader ze ergänzen!

Virdeeler

All Mount en direkte steierleche Virdeel

Äre perséinleche Bäitrag reduzéiert all Mount direkt Äert steierflichtegt Akommes. Dir profitéiert deemno all Mount vun enger méi niddreger Besteierung vun Äre Revenuen. Dëse steierleche Virdeel gëllt zousätzlech zu deenen aneren Ofzich fir privat Assurancen (Liewensversécherung, Stierffallversécherung, Krankeversécherung, Haftflicht, Onfallversécherung ...). Doriwwer eraus muss op de Leeschtungen, déi bei der Echeance ausbezuelt ginn, zu Lëtzebuerg keng Akommessteier bezuelt ginn.

Fräi Upassung vum Spuerbetrag

Op der Basis vun Ärem Employeur sengem Kontrakt kënnt Dir selwer d'Héicht vun Äre perséinleche Bäiträg bis zu engem maximale Betrag vun 1.200 €/d'Joer festleeën.
Dir hutt all Joer d'Méiglechkeet, dëse Betrag un d'Entwécklung vun Ärem Budget unzepassen.

Ausbezuelen a Form vu Kapital

Wann Dir an d'Pensioun gitt, kritt Dir de Betrag, deen Dir mat Äre perséinleche Bäiträg ugespuert hutt, a Form vu Kapital ausbezuelt. Wann Dir virzäiteg stierwe sollt, sinn Är Bäiträg net verluer! Är Erspuernesser ginn an deem Fall an enger Kéier un Är Ierwen ausbezuelt.
 

Dir wiesselt den Employeur? Dann hutt Dir verschidde Méiglechkeeten

D'Erspuernesser, déi Dir mat Äre perséinleche Cotisatiounen zesummegedroen hutt, bleiwen Iech erhalen. Wielt selwer déi Léisung aus, déi am beschte bei Är Besoine passt.

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

lalux-Staff Protect

De Pensiounsplang fir Entreprisen: fir Loyalitéit a Motivatioun

Lalux Document Img Alt

lalux-Staff Protect - Perséinlech Beiträg

Méi dozou...

Dir wiesselt den Employeur?

Dann hutt Dir verschidde Méiglechkeeten ...

D'Erspuernesser, déi Dir mat Äre perséinleche Bäiträg zesummegedroen hutt, bleiwen erhalen. Wielt selwer déi Léisung aus, déi am beschte bei Är Besoine passt.

Wann Dir den Employeur wiesselt, hutt Dir d'Méiglechkeet:

- Är Erspuernesser op de Plang vun Ärem neien Employeur ze iwwerdroen
- Är Erspuernesser bis zu Ärer Pensioun bei LALUX ze loossen
- Ausbezuelt ze ginn, wann Är nei Aktivitéit Iech et net méi erlaabt, bei der Lëtzebuerger Krankeversécherung affiliéiert ze sinn oder wann d'Zomm vun Ären Erspuernesser ënnert dem dräifache Mindestloun läit.

Braucht Dir Berodung?