Schützt Äert Kand vu Gebuert un!
Méi dozou

Schützt Äert Kand vu Gebuert un!

Är Versécherungsoptioune fir kleng Kanner

Wann e Kand op d'Welt kënnt, ass dat eng grouss Freed fir d'Elteren a fir d'Famill. Et kann awer och Stress ausléisen, wann een un déi vill Froen an Decisiounen denkt, déi e Bëbee mat sech bréngt.
De Choix vum Material, der Crèche, der Schoul an och dee vun den Assurancen ass immens wichteg, fir de Start vun Ärem Bëbee an d'Liewe gutt virzebereeden.
LALUX proposéiert verschidde Léisungen, déi sech de Besoinen an den Erwaardunge vun all Elterendeel upassen.

 

D'Zukunft vum Kand virbereeden

Mat enger Liewensversécherung kënnt Dir e Spuerkapital fir déi zukünfteg Besoine vun Ärem Kand opbauen an et finanziell ofsécheren, wann et zu engem Stierffall komme sollt. D'Liewensversécherunge vu LALUX kombinéiere Virsuerg mat Sécherheet a garantéieren esou d'Zukunft vun Äre Kanner ënnert allen Ëmstänn.

 

D'Liewensversécherungen

E Kaddo vu LALUX fir den neie Bëbee

Mat LALUX an der Spuerkeess kënnt Dir fir Är Butze spueren a vum Kaddo fir Bëbeeën an Héicht vun 100 € profitéieren. Informéiert Iech virum 1. Gebuertsdag vun Ärem Bëbee, fir vun dësem Virdeel ze profitéieren an elo scho seng Zukunft virzebereeden