Integrale Familljerechtsschutz
Eng Meenungsverschiddenheet mam Noper? E Konflikt mat Ärem Employeur? Dir sidd Affer vun engem Identitéitsdéifstall oder vun engem medezinesche Feeler ginn?
Den Integrale Familljerechtsschutz hëlleft Iech bei Konflikter, mat deenen Dir ënner Ëmstänn konfrontéiert gitt. D'Juriste vu LALUX begleeden Iech wärend dem ganzen Dossier, schloen Iech konkreet Léisunge vir a schwätze mat Iech of, wéi et mat Ärem Litige soll weidergoen.
Eenegung am Gudden
Am Fall vun engem Konflikt kann e Geriichtsprozess oft laang a beschwéierlech ginn. Duerch e Règlement à l'amiable, also eng Eenegung am Gudden, kënnt Dir dat evitéieren a méi séier eng dauerhaft an zefriddestellend Léisung fannen. Eis Juristen hëllefen Iech dobäi, déi bescht Léisungsstrategie ëmzesetzen.
Integrale Familljerechtsschutz
Den Integrale Familljerechtsschutz begleet Iech bei deene sëllege Konflikter, mat deenen een am Laf vum Liewe konfrontéiert ka ginn (Konflikt mat Ärem Employeur, Identitéitsdéifstall, Litige mat enger Drëttpersoun ...).
Integralen Auto-Rechtsschutz
Eng Erweiderung op den Integralen Auto-Rechtsschutz ass méiglech, fir Iech och am Fall vu Litigen am Zesummenhang mam Kaf, mam Verkaf oder och der Benotzung vun engem Gefier ze schützen. De Rechtsschutz gräift souwuel bei Litigë mam Verkeefer oder mam Keefer, genee ewéi mam Garagist oder mat der Wäschanlag ... Den Integralen Auto-Rechtsschutz ëmfaasst och eng Garantie fir d'strofrechtlech Verdeedegung bei Verkéiersdelikter.