• De Schutz vun Ärem Kand kann net waarden!

    Fir gutt virbereet ze sinn De Schutz vun Ärem Kand kann net waarden!
    Méi gewuer ginn

    Op wat sollt Dir oppasse wann Dir Äert Kand wëllt optimal versécheren? Dat ass eng Fro, déi sech all Elterendeel op d'mannst schonn ee Mol gestallt huet. Dës muss adequat beäntwert ginn, fir op all Eventualitéite gefaasst ze sinn. An enger Zäit wou mir mat Informatiounen a Reklamme reegelrecht iwwerschott ginn, ass et dacks schwéier all d’Offeren um Maart kloer z’erkennen. Dofir maache mir mat Iech den Tour vun de verschiddene Versécherungsléisunge vu LALUX Assurances, déi de Besoine vun allen Elteren entspriechen.

    D’Zukunft virbereeden

    D’Liewensversécherunge vu LALUX hunn d’Zil d’Zukunft vun Ärem Kand ënner allen Ëmstänn ze garantéieren a kombinéiere Virsiicht mat Sécherheet. Dir kënnt him also zu engem bestëmmte Moment a sengem Liewen eng finanziell Ënnerstëtzung zur Verfügung stellen. Dëst Kapital gëtt him zu engem vun Iech definéierte Moment ausbezuelt an erlaabt him soumat seng Studien ze finanzéieren oder ganz einfach sech am Liewen z’installéieren.

     

    D’Gesondheet schützen

    EASY HEALTH vun DKV Luxembourg, Member vum Grupp LALUX, ënnerstëtzt d'Gesondheet vun Ärem Kand am Alldag. Fir Remboursementer ze kompenséieren déi dacks just deelweis oder guer net vun der CNS iwwerholl ginn, ass et wichteg eng Zousazkrankeversécherung ofzeschléissen, déi déi héchste Remboursementer bitt.

    EASY HEALTH deckt zum Beispill 1. Klass Hospitalisatiounskäschten, erlaabt Iech fräi den Dokter oder Spezialist ze wielen an iwwerhëlt och d'Käschte vun alternativen Heelmethoden (Osteopathie, Kiné,…). Profitéiert vun der beschter medezinescher Versuergung haut a muer.

    Gutt ze wëssen: wat ee méi jonk eng Zousazkrankeversécherung ofschléisst, wat d’Primm manner héich ass. A mat der Alterungsréckstellung gëllt dësen avantagéisen Tarif d’ganzt Liewe laang.

    Eventuell Dommheeten ofsécheren

    Och wa se zu Lëtzebuerg net obligatoresch ass, ass d'Familljenhaftflicht staark recommandéiert a vun de meeschten Awunner ofgeschloss. Dës schützt Iech virun de finanzielle Konsequenze vun engem Schued an/oder kierperlecher Verletzung, déi Dir oder Är Kanner enger anerer Persoun onfräiwëlleg zoufüügt. Wann Dir schonn eng Familljenhaftflicht hutt, sinn Är Kanner automatesch ofgedeckt - Dir musst näischt maachen. Trotzdeem ass et ëmmer unzeroden Ären Agent iwwer d'Gebuert vun Ärem Puppelchen z’informéieren.

    Seng Fräizäit versécheren

    Déi schéi Momenter vun Ärem Kand ze schützen, ass vun entscheedender Bedeitung. Wat et méi al gëtt, wat sech him nei Passiounen opmaachen: Gittar léieren, Tennis mat der eegener Rackett spillen, sech déi nei Spillkonsol mam gespuerten Täschegeld kafen. All dës Saachen, an och säi Smartphone a säi Mountainbike, hunn eng enorm Valeur, net nëmme fir Äert Kand, mee och fir Iech. Allerdéngs sinn och si leider net virun de Gefore vum Alldag geschützt: Broch, Déifstall oder Beschiedegung… Mat de spezifesche Package vun easyPROTECT Haus a Wunneng kënnt Dir Iech awer géint héich Reparatiouns- oder Ersatzkäschten, wa se net méi ze flécke sinn, schützen. Et kënnt Dir Äre Kapp a Rou leeën an Äert Kand kann onbeschwéiert senge Passiounen nogoen.

    Wat ass mat Accidenter?

    En Accident ass en alldeegleche Risiko, deem jidderee vun eis ausgesat an deen dacks mat finanziellen Aschränkunge verbonnen ass: Invaliditéit, Rehabilitatiounsprogramm, Akommesverloscht, asw.

    easyPROTECT Accident deckt dës alldeeglech Onglécker, déi Äert Liewen an dat vun Äre Léifste grondleeënd verännere kënnen: bei Ären üblech Aktivitéite wéi DIY oder Hausaarbecht, Ären Hobbyen, Vakanzen oder Sport an, wann Dir wëllt, souguer bei Äre berufflechen Aktivitéiten. Dir wëllt.

    Hir Studië plangen

    Är Kanner gi grouss a geschwë gi si vun doheem fort fir am Ausland ze studéieren. Fir dës nei Erausfuerderung gutt ze plangen an domadder onerwënscht Iwwerraschungen z’evitéieren, bitt LALUX easyPROTECT Discover, en Assurancë-Package speziell fir Studenten oder Léierbouwen/-meedercher bis 27 Joer, déi zäitweis am Ausland wunnen. D'Basisoffer ëmfaasst d’privat Haftflicht, souwéi Schutz vun der Wunneng géint déi heefegste Risiken. Optionale Schutz fir Computergeräter oder eng medezinesch Ofdeckung kënnen dem Kontrakt ganz einfach bäigefüügt ginn.

    Dir hutt et bestëmmt verstan: dat wichtegst ass et virauszeplangen! Dofir iwwerloosst beim Schutz vun Äre Kanner näischt dem Zoufall. LALUX Assurances ënnerstëtzt Iech bei alle wichtegen Etappen an dem Choix fir Äert Kand optimal ze versécheren.

     

    Veréscherungsléisunge fir Kanner

    Méi gewuer ginn...