• Ënnerwee fir nei Aventuren ze erliewen!

    Dëst Joer ass et souwäit! Dir sidd prett fir nei Horizonter ze entdecken. D’Plagen a Südfrankräich, wou Dir zënter 20 Joer all Summer verbruecht hutt, wäerten dës Kéier ouni Iech auskomme mussen!

    Dir wäert den Europäesche Raum verloossen an Är Vakanz notze fir nei Landschaften ze entdecken, aner Kulturen ze kennen ze léieren an Är Gewunnechten ze änneren.

    Dat fänkt och schonn u soubal Dir Iech op Är Rees virbereet! Dir wäert mierken, wann Dir op deene verschidde Websäiten Är Recherchen ufänkt, datt Är Aventure net op déi liicht Schëller ze huelen ass.

    Hei sinn e puer Tipps fir Iech ze hëllefen op eng entspaant Manéier ze reesen an Är exotesch Aventuren ouni Suergen ze genéissen.

    Wielt Är Destinatioun clever aus

    Iert Dir Är Rees reservéiert, kontrolléiert ob et an dem ausgewielte Land eventuell speziell Restriktiounen ze beuechte gëtt.

    D’Websäit vum Lëtzebuerger Ausseministère gëtt Iech en Iwwerbléck iwwer alles wat Dir iwwer Auslandsreese wësse sollt, inklusiv déi néideg Dokumenter déi Dir mat Iech féiere musst:https://mae.gouvernement.lu/de/services-aux-citoyens/voyages.html

    D’Websäite vun de follgenden Nopeschlänner ginn Iech och zousätzlech interessant Informatiounen, jee no Reesdestinatioun.

    Wat geschitt am Fall vu Krankheet?

    Iert Dir awer op déi aner Säit vun der Welt oder och nëmmen an e Land ausserhalb vun der EU reest, sollt Dir Iech informéieren, wéi eng spezifesch Formalitéiten et am Fall vun engem Gesondheetsproblem ze respektéiere ginn. Verschidden Destinatiounen erfuerderen, datt Dir speziell Formulairen ufrot IERT Dir Är Rees untriet.

    Fir all béis Iwwerraschungen ze vermeiden, huet d’ CNS alles zesummegefaasst, wat et iwwer d’Prise en charge vu medezinesche Käschten am Ausland ze wësse gëtt: Formalitéiten, déi am Viraus an och op der Plaz musse gekläErt ginn a wéi Dir Är Remboursementer ufroe kënnt.

    All dës Informatioune fannt Dir um Site vun der CNS: https://cns.public.lu/de/assure/vie-privee/a-etranger/vacances-etranger.html

    A fir Iech déi bescht Ofdeckung am Fall vun engem Problem ze garantéieren, ass et wichteg och eng Zousazversécherung ofzeschléissen. Fir den optimale Schutz fir Är Gesondheet op Äre Reesen ze wielen, klickt hei.

    Gesondheetlech Ofsécherung am Ausland

    Méi dozou