• Schützt Är wäertvoll perséinlech Géigestänn

    Mat der Gepäckversécherung bei Reesen Schützt Är wäertvoll perséinlech Géigestänn
    Méi gewuer ginn

    Wann Dir op Är Dramdestinatioun flitt, ass d’Opreegung däitlech ze spieren. Mee tëschent de Selfien um Flughafen an de Pläng fir d’Abenteuer, déi Dir erliewe wëllt, däerft Dir ee wichtegen Detail net vergiessen: d’Sécherheet vun Ärem Gepäck. Wann Dir matzen an Ärer wuelverdéngter Vakanz feststellt, datt Är wäertvoll perséinlech Géigestänn verluer gaange sinn oder geklaut goufen, kann dat Iech anstänneg de Spaass verdierwen. An hei kënnt d’Gepäckversécherung an d’Spill: e Must-have fir ganz onbeschwéiert ze reesen.

    Firwat ass d’Gepäckversécherung esou wichteg?

    Bei der ganzer Virfreed kann et schonn emol virkommen, datt een ënnerschätzt, wéi wichteg et ass, seng Saachen ze schützen. Näischt verdierft awer d’Laun méi an der Vakanz, wéi wann een entdeckt, datt d’Gepäck en onerwaarte Wee ageschloen huet. Mat enger Gepäckversécherung sidd Dir geschützt, wann Äert Gepäck beschiedegt gëtt, verluer geet oder geklaut gëtt. Dir sidd also net Iech selwer iwwerlooss.

    Ersetze vu perséinleche Géigestänn

    Keng Panik! Wann Äert Gepäck Verspéidung huet, kënnt Dir wichteg Saachen ewéi Kleeder oder Toilettenartikele séier ersetzen, ouni Äre Bankkont ze plëmmen. Dir braucht nëmmen d’Declaration de perte vun Ärem Gepäck zesumme mat der Rechnung vun den Artikelen, déi Dir kaaft hutt, un Äre LALUX-Agent ze schécken a scho kënnt Dir Är Vakanz weider genéissen. D’Garantie séchert och Är elektronesch Apparater, den Inhalt vun Daachboxen, d’Vëloen, d’Schi awer och gelounte Sportmausrüstung ewéi Surfbrieder, Schi oder Snowboarden oder d’Golfausrüstung géint onfräiwëllege Broch, Déifstall oder Verloscht of.

    Suergefräi d’Welt erfuerschen

    Iwwerloosst d’Sécherheet vun Äre Saachen net dem Zoufall, wann Dir Iech op d’Rees maacht. Mam Rees-Package vun easyPROTECT Haus a Wunneng kënnt Dir eng Gepäckversécherung ofschléissen, déi Iech erlaabt, d’Welt ganz suergefräi ze entdecken, well Dir wësst, datt Äert Gepäck a gudden Hänn ass. E weidere Pluspunkt? Dir sidd d’ganzt Joer iwwer verséchert! Wann Dir also déi nächste Kéier Är Wallisse paakt, musst Dir net méi drun denken, se ze versécheren. Kuckt Iech roueg d’Detailer an déi zousätzlech Virdeeler vum Rees-Package un, fir datt Dir an Ärer Vakanz de Kapp och richteg a Rou leeë kënnt.

    Reesversécherungen

    Méi gewuer ginn