• Seng Vakanz richteg virbereeden

    Plangen, versécheren an de Kapp a Rou leeën Seng Vakanz richteg virbereeden
    Méi dozou

    D’Vakanz ass eng Zäit, op déi een ongedëlleg waart, well ee sech hei entspanen, nei Horizonter entdecken an onvergiesslech Souvenire schafe kann.  Et ass awer wichteg, sech gutt virzebereeden, fir datt d’Vakanz ouni Problemer verleeft. Vun der Reservatioun vun de Flugbilljeeë bis zu der Organisatioun vun den Iwwernuechtungen, all Detail zielt. Mee nieft der gewinnter Virbereedung gëtt et ee wichtegt Element, dat dacks vergiess gëtt: d’Assurancen.

    Am Viraus plangen

    Fir eng gelonge Vakanz muss ee villes am Viraus bedenken. Sicht eng Destinatioun eraus, déi Äre Wënsch an Ärem Budget entsprécht. Informéiert Iech iwwer d’Attraktiounen op der Plaz a kaaft Är Entréesticketen am Viraus, fir déi bescht Tariffer ze kréien a laang Waardeschlaangen ze vermeiden. Reservéiert Är Transportbilljeeë matzäiten, da sinn d’Präisser an der Reegel méi gënschteg, an iwwerpréift och, wéi eng Ufuerderungen eventuell fir Visae gëllen.

    Wat den Hebergement ugeet, kuckt Iech verschidden Optiounen un, déi bei Är perséinlech Preferenzen a bei Äre Reesstil passen. Egal ob Dir Iech fir e Luxushotel oder e Camping decidéiert hutt, confirméiert en esou séier ewéi méiglech, besonnesch zu den Haaptreeszäiten, fir datt Dir net am leschte Moment enttäuscht gitt.

    Wann Dir Äre Vakanzebudget opstellt, dann denkt och un d’Assurancen – e klengen awer wichtege Supplement. Si kënnen Iech géint ongeplangten Tëschefäll schützen an dofir suergen, datt Dir an der Vakanz de Kapp fräi hutt.

    Suergefräiheet

    Wann Dir dacks reest, ass de Rees-Package, eng Optioun am Kontrakt easyPROTECT Haus a Wunneng, déi richteg Léisung. Dir musst net méi bei all Reservatioun un Är Assurancen denken, well Dir sidd d’ganzt Joer iwwer verséchert!

    Dir gesitt Iech schonn, d’Pyramid vu Kukulcán a Mexiko entdecken, d’Schipiste vun den 3 Vallées erofflitzen oder e gemittlechen Owend ronderëm d’Lagerfeier op engem Camping a Kroatie genéissen? An da gëtt kuerz virum Depart Äre Partner krank a kann net reesen. Ouni Reesannulatiounsversécherung sidd Dir net nëmmen enttäuscht, datt Dir déi laang erwaarte Vakanz annuléiere musst, Dir musst och nach en zolitte finanzielle Verloscht droen, well d’Reservatiounen net remboursabel sinn. Mat der richteger Annulatiounsassurance kritt Dir glécklecherweis déi virgestreckte Suen erëm an erspuert Iech op d’mannst de finanzielle Stress.

    Wann Dir Iech op enger Wanderung am Nationalpark vun Cinque Terre de Fouss verstaucht an dréngend medezinesch behandelt musst ginn, iwwerhëlt d’Assistance Annuelle d’Organisatioun vun dem néidege medezineschen Traitement an esouguer – wann et net anescht geet – vum Récktransport. Domat ass Är Sécherheet an Äert Wuelbefannen op Ärer Rees garantéiert.

    Stellt Iech vir, Dir sidd zu Barcelona um Flughafen an Äert Gepäck ass verschwonnen. Wat e Stress! Mat der optionaler Gepäck-Garantie kënnt Dir awer opootmen: Wann Är perséinlech Géigestänn – dozou zielen och Är elektronesch Apparater wéi Äre Smartphone – oder och Sportsekipementer verluer, geklaut oder beschiedegt ginn, sidd Dir komplett verséchert. Och bei Verspéidunge kënnt Dir ganz berouegt sinn: Dir kritt Saachen, déi Dir dréngend kafe musst a braucht, rembourséiert.

    Punktuelle Krankeversécherungsschutz

    Wann Dir nëmme fir eng bestëmmte Rees eng Versécherung ofschléisse wëllt, dann ass d’Krankeversécherung fir Auslandsreesen TRAVEL vun DKV Luxembourg genee dat Richtegt fir Iech. Dir kënnt se ganz einfach mat e puer Klicken ofschléissen a sidd dann europa- a weltwäit op Ärer Rees verséchert. Maacht Iech keng Suergen! Ambulant Traitementer, Behandlungen un den Zänn, Hospitalisatioun awer och Sich- a Rettungskäschten an esouguer de medezinesch noutwendege Récktransport ginn iwwerholl.

    Mam Auto ënnerwee

    Wann Dir plangt, an Ärer Vakanz en Auto ze lounen, dann heescht et heirop opzepassen: An der Reegel gesinn d’Locatiounskontrakter am Fall vun engem Schued eng Franchise vir. Ugeholl, Dir téitscht den Auto bei Ärem Ausfluch an dat pittoreskt Biergduerf, wou Dir den Dag verbrénge wollt, ongewollt beim Parken. Mat easyPROTECT Auto kritt Dir d’Franchise, fir d’Schied um Locatiounsauto ze reparéieren, rembourséiert, an Dir kënnt weider vun Ärer Vakanz profitéieren, ouni Iech zousätzlech Suergen iwwer d’Finanze mussen ze maachen.

    Wann Dir mat Ärem eegenen Auto ënnerwee sidd, denkt drun, datt Dir mat der Garantie Top Assistance, déi an der Versécherung easyPROTECT Auto mat dran ass, vun engem Pannendéngscht, vun Assistance-Leeschtunge fir de Chauffeur an d’Passagéier a vun engem Ersatzgefier profitéiert, an dat ronderëm d’Auer, 7 Deeg op 7, souwuel virun Ärer Hausdier wéi och a ganz Lëtzebuerg an am Ausland.

    Onbeschwéiert reesen – wat e Gléck!

    Bei der Virbereedung vun der Vakanz heescht et virun allem, alles genee plangen an op Detailer oppassen. Et geet net duer, d’Vakanz u sech ze buchen, denkt och drun, Iech géint eventuell Tëschefäll ofzesécheren. Huelt Iech Zäit, fir Är Besoinen ze evaluéieren an déi Optiounen erauszesichen, déi Iech wärend Ärer Vakanz déi néideg Rou verschafen. Mat enger gudder Virbereedung an der richteger Assurance kënnt Dir Är Auszäit onbeschwéiert genéissen.

    Schéi Vakanz!

    Reesversécherungen

    Méi dozou