Entspaant reesen. Dëse Package séchert Iech of am Fall vun der Annulatioun vun enger Rees, Gepäckverloscht oder gesondheetleche Problemer am Ausland.
#LALUXShorts Package Reesen
Dir wëllt onbeschwéiert an d’Vakanz goen? Mam Package Reese vun easyPROTECT Haus a Wunenng sidd Dir d’ganzt Joer virun Imprevue geschützt!
Stellt Iech fir, e puer Deeg virum Depart, gitt Dir oder Äre Partner krank. Ouni Récktrëttsversécherung ass dat garantéiert e finanzielle Verloscht. Am Fall vun engem Accident oder Krankheet sidd Dir mat der Assistance Annuelle weltwäit verséchert.
A sollt Är Wallis um Flughafe verluer goen – keng Panik! D’Optioun Gepäck deckt dës Situatioun of.
Plangt am Viraus a veréschert Iech, dass Dir onvergiesslech Erënnerunge schafe kënnt.
Entdeckt all d’Virdeeler vum Package Reesen op lalux.lu. Schéi Vakanz!

